Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Regierung mécht Upassunge bei der Steierreform / CSV-Fraktioun kritiséiert IHTP / Rheinland-Pfalz: Accord fir 3er-Koalitioun SPD-FDP-Gréng

  • Panorama

    Finanzminister stellt Adaptatioune bei Steierreform vir / Accord iwwert d'Verdeele vu Flüchtlingen an der EU / Queen kritt 90 Joer

  • Panorama

    350 Leit zu Iechternach beim T. Sarrazin / Chamber huet neit Taxisgesetz gestëmmt / Péiteng ass an der Véirelsfinale vun der Coupe

  • Panorama

    350 Leit zu Iechternach beim T. Sarrazin / Chamber huet neit Taxisgesetz gestëmmt / Péiteng ass an der Véirelsfinale vun der Coupe.

  • Panorama

    44.000 Mol hunn d'Radare bannent engem Mount op de Stroosse geblëtzt / Lëtzebuerger Bourse verbessert Nettobenefiss ëm 16% / Valverde gewënnt Flèche Wallonne

  • Panorama

    "Bettel-Kemmer"-Affär: Just nach ADR fir Demissioun vum Premier Xavier Bettel / US-VirwahlenNew York geet un Hilary Clinton an Donald Trump / Futtball: Véirelsfinalen an der Coupe de Luxembourg

  • Panorama

    "Bettel-Kemmer"-Affär: Just nach ADR fir Demissioun vum Premier Xavier Bettel / US-Virwahlen: New York geet un Hilary Clinton an Donald Trump / Futtball: Véirelsfinalen an der Coupe de Luxembourg

  • Panorama

    D'CSV stellt keng Récktrëttsfuederung un de Premier / Conventioun mat de Kierchen: Inneminister proposéiert Gesetz / De Finanzminister reagéiert op d'Panama Papers.

  • Panorama

    Ministesch Cahen reagéiert op Kritik um OLAI / Réckruffaktioun vu manipuléierten Dieselmotoren ugefaang / Explosioun mat 28 Doudegen zu Kabul

  • Panorama

    Honnerte Migranten kéinten am Mëttelmier erdronk sinn / Explosioun zu Kaboul, Afghanistan / Bettel/Kemmer-Affaire an der Chamber.

  • Panorama

    Honnerte Migranten kéinten am Mëttelmier erdronk sinn / "Bettel-Kemmer"-Affaire an der Chamber / Pulitzer-Präis fir investigative Journalismus geet un Associated Press

  • Panorama

    Am Mëttelmier kéinten Honnerte Migranten erdronk sinn / De Congé Familial gëtt gehéicht / De Lëtzebuerger Vincent Thill soll bei Bayern München wiesselen

  • Panorama

    Bettel/Kemmer-Affaire: CSV wëllt Erklärunge vu Premier / Demo vu Meng Landwirtschaft e Samschdeg / Zuel vun Äerdbiewenaffer am Ecuador klëmmt

  • Panorama

    D’Deeg vum Dilma Rousseff schénge gezielt ginn / Äerdbiewen am Ecuador: bis elo iwwer 270 Doudeger / Basket: Etzella am Final Four

  • Panorama

    D’Deeg vum Dilma Rousseff schénge gezielt ginn / Äerdbiewen am Ecuador: bis elo iwwer 270 Doudeger / Basket: Etzella am Final Four

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen