Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Verwaltungsgeriicht konfirméiert Revocatioun vum Daniel Miltgen / Gratis Schüler Transport op ganze Reseau erweidert / Begriefnis vum Muhammad Ali.

  • Panorama

    Paräis prett fir d'EM, seet d'Buergermeeschtesch / Attentat vun Istanbul ass revendiquéiert / Dräi Mataarbechter vun der Internationaler Liichtathletik-Federatioun gespaart.

     

     

  • Panorama

    SREL-Reform duerch d'Chamber / Géif e Sonndeg gewielt, gëff d'DP am Zentrum dräi Sëtz verléieren / Fussball-EM mat schaarfe Sécherheetsmesuren.

  • Panorama

    SREL-Reform duerch d'Chamber / Géif e Sonndeg gewielt, géif d'DP am Zentrum dräi Sëtz verléieren / Fussball-EM mat schaarfe Sécherheetsmesuren.

  • Panorama

    SREL Reform an der Chamber gestëmmt / Sonndesfro Zentrum: DP -3 Sëtz, CSV +1, déi gréng +1 / Euro 2016 Matcher dierfen net op franséische Cafe's-Terrasse gewise ginn.

  • Panorama

    No de Menacë vum Recip Erdogan reagéiert de Martin Schulz / Virwërf géint Schiiten am Irak / Franséische Sportminister kritiséiert Gewerkschaften.

  • Panorama

    Doudeger zu Tel Aviv duerch palestinensescht Attentat / SREL-Reform haut an der Chamber / SEBES kritt nei Waasseropbereedungsanlagen.

  • Panorama

    Doudeger zu Tel Aviv duerch palestinensescht Attentat / SREL-Reform haut an der Chamber / SEBES kritt nei Waasseropbereedungsanlagen.

  • Panorama

    Tageblatt Sondessfro: ADR +1 Sëtz am Norden, DP -1 Sëtz / Irakesch Migrante protestéiere virun Immigratioun's-Direktioun / EU Parlament enquêtéiert iwwer Panama Papers

  • Panorama

    Kritk u Vote iwwer CETA / 1ères Examen: Proffen hunn op Facebook de Géck mat Schüler gemaach / 3 Doudeger bei Attentat an der Tierkei.

  • Panorama

    Tageblatt-Sonndesfro: Regierung verléiert am Osten / Clinton huet sech zur Gewënnerin bei den Demokraten erkläert / Nei Polemik wéinst Doping a Russland

  • Panorama

    Tageblatt-Sonndesfro: Regierung verléiert am Osten / Clinton huet sech zur Gewënnerin bei den Demokraten erkläert / Nei Polemik wéinst Doping a Russland.

  • Panorama

    26.000 Studente krute Boursen ausbezuelt / Lëtzebuerg wëll besser wirtschaftlech Relatioune mat Rumänien / Leschten Delai fir Referendum Registréierung a Groussbritannien.

  • Panorama

    11 Doudeger bei Attentat zu Istanbul / NATO-Manöver a Polen / Handwierkerfederatioun: déi aktuell Ännerungen u Beruffsausbildung ginn net duer.

  • Panorama

    Am ëffentlechen Déngscht kéint dat drëtt Joer Stage a Fro gestalt ginn / Explosioun zu Istanbul, keng Detailer bekannt / NATO mécht gréissten Militär-Exercice zënter Enn vum Kale Krich.

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen