Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    De Guy Wagner ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen / Neien Effort fir e Fridden a Syrien / Jempy Drucker verléiert vill Zäit a Kalifornien

  • Panorama

    Libyen: Regierung vun nationaler Eenheet soll Waffë kréien / Commerzbank wäert Lëtzebuerg net ganz verlossen, sou ALEBA​ / ​Iechternacher Sprangprozessioun

  • Panorama

    Libyen: Regierung vun nationaler Eenheet soll Waffë kréien / Glyphosat awer net kriibserregend, sou UNO-Etude / Internationalen Dag géint Homophobie

  • Panorama

    USA an aner Länner prett fir libesch Regierung ze arméieren / Südkorea reprochéiert Nissan Manipulatioun vun Ofgaswäerter  / Belsch Prisongs-Giischtercher streiken

  • Panorama

    UNO-Konferenz zu Bonn iwwert Emsetzen vun Klima-Accord / Memberen vu "Richtung 22"  den 23. Mee viru Geriicht / Bob Jungels kann Dënschden neien Leader beim Giro d’Italia ginn

  • Panorama

    Richtung 22 kritiséiert "Aschüchterungsversuch" / Anise Koltz kritt Ganzo-Präis fir Poesie / Giro: Jungels 1" hannert dem rosae Maillot

  • Panorama

    Jean Asselborn schwätzt sech fir CETA-Accord aus / Greenpeace: Regierung hätt bei neiem Agrargesetz méi wäit kënne goen / Giro: Bob Jungels viru Contre-la-Montre vun e Sonnden nëmme nach 14.

  • Panorama

    CETA Akkord: Nach kéng offiziell Positioun vun Déi Gréng / FIFA: Chef vun Audit Kommissioun demissionéiert / Giro d'Italia: Brambilla neie Leader, Jungels elo 14.

  • Panorama

    Commerzbank entléisst bal 100 Mataarbechter / Nohaltegkeetsministère presentéiert Mesurë fir Atert ze botzen / BGL League: Champion Décisioun fält eréischt um leschte Spilldag

  • Panorama

    Gemeng Käl muss am Gemengesyndikat ProSud bleiwen/Däitsche Bundestag: Algerien, Tunesien a Marroko sécher Hierkonftslänner/Russland: Neien Dopingskandal

  • Panorama

    Kayl bleift onfräiwëlleg am Syndikat Prosud / Neit Agrargesetz an der Chamber gestëmmt / Aarbechtsmaartreform am Frankräich ugeholl 

  • Panorama

    Kayl bleift onfräiwëlleg am Syndikat Prosud / Neit Agrargesetz an der Chamber gestëmmt / Aarbechtsmaartreform am Frankräich ugeholl 

  • Panorama

    Proactif: Weber wëll weider Plainte géint Minister Schmit maachen/Brasilien: Roussef muss goen/Trump gesäit haut d’Cheffe vun de Republikaner 

  • Panorama

    Brasilien: D. Roussef virum Enn / E. Schneider: Staatsvisite a Finnland bréngt wirtschaftlech näischt direkt / Giro: B. Jungels aktuell Zweeten

  • Panorama

    Brasilien: D. Roussef virum Enn / E. Schneider: Staatsvisite a Finnland bréngt wirtschaftlech näischt direkt / Giro: B. Jungels aktuell Zweeten
     

Programm

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen