Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Aussergewéinlech Situatioun wéinst Reen normaliséiert sech / Regierung wëll keng Primmen an der Fonction Publique kierzen​ / Gotthard-Tunnel gëtt haut ageweit.

  • Panorama

    Post Group: Nettobenefiss fält ëm 70% wéinst staarker Konkurrenz an Investitiounen / OGBL: "Aarbechtszäitgesetz kee Kado" / Fussball: Testmätch Lëtzebuerg - Nigeria

  • Panorama

    Och haut nach ëmmer vill Asätz wéinst Iwwerschwemmungen / Luxair: 9,7 Millioune Benefice / EuGh: Kappduch op der Aarbechtsplaz ka verbuede ginn.

  • Panorama

    Zäitpunkt fir Verfassungsreferendum onkloer / Jonk Gréng a Jonk Sozialiste géint CETA Akkord /  Minister fir Transparenz a Brasilien zréckgetrueden

  • Panorama

    Zäitpunkt fir Verfassungsreferendum onkloer / Europäesch Vollekspartei ënnerstëtzt Claude Wiseler / Minister fir Transparenz a Brasilien zréckgetrueden

  • Panorama

    Lydia Mutsch presentéiert nei Mesuren an der Kriibs-Bekämpfung / Frankräich: Weider Protestaktioune géint Reform vum Aarbechtsgesetz geplangt / Irak: Suitte vu Regierungsoffensiv op Fallujah

  • Panorama

    Reform vun der Fleegeversécherung nach net prett / An Israel gouf eng Regierungskris verhënnert / Franséisch Ekonomie besser entwéckelt wéi erwaart

  • Panorama

    Verdun Commemoratioun am Zeeche vun Europa / 4 Associatioune stelle sech hannert den AHA-President L. Schley / F91 wënnt d'Coupe

  • Panorama

    Verdun Commemoratioun am Zeeche vun Europa / 4 Associatioune stelle sech hannert den AHA-President L. Schley / F91 wënnt d'Coupe

  • Panorama

    Des Woch si wuel 700 Migranten am Mëttelmier erdronk / ADMD-L: Euthanasiegesetz muss méi bekannt ginn / Real Madrid wënnt Champions League 

  • Panorama

    Schëlleg oder net schëlleg - Debatt iwwer LuxLeaks am Riicht Eraus / Zika Virus kee Grond olympesch Spiller ze verleeën, seet WHO / 14.000 Leit um Depart vum Nuetsmarathon

  • Panorama

    Regierungsrot: neie Musée an d'Stad! / M. Rubio ënnerstëtzt den D. Trump / Kanech: Nationaldivisioun - Out fir Wolz 

  • Panorama

    Dan Kersch: Null-Ronn an der Fonction Publique nët per Force / Barack Obama besicht Hiroshima mee entschëllegt sech net fir Atombomm /  IOC: Och 2012 zu London ass méi gedoppt gi wéi bis ewell ugeholl 

  • Panorama

    Familljendrama a Portugal / Obama fir eng Welt ouni Atomwaffen / Mourinho neien Trainer vu Manchester United

  • Panorama

    P.Peters: 8 Joer feste Prisong / G7 Sommet: Brexit wier schlecht fir Wirtschaftswuesstem / D. Trump huet genuch Delegéiertestëmmen 

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen