Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    D’Tierkei kritt 3 Milliarden Euro vun der EU fir Flüchtlingscris/Optakt vun internationaler Klimakonferenz zu Paräis/No Referendum gëtt Hamburg net Kandidat fir Olympesch Summerspiller 2024

  • Panorama

  • Panorama

  • Panorama

  • Panorama

    Steierreform: Regierung diskutéiert iwwert Reduktioune vu 500 Milliounen Euro / Frankräich: Truppe vum Al Assad kéinten am Kampf géint IS mat agebonne ginn / Avis vun der CCDH iwwert d'Reform vum Asyl-Recht

  • Panorama

    Spuerpak: Den OGBL léisst d’Muskele spillen/No den Uschléi zu Paräis kréie Police a Parquet méi Muecht/Näischt ginn aus multikultureller Gesellschaft soen CDU an CSU.

  • Panorama

    Spuerpak: Den OGBL léisst d’Muskele spillen/No den Uschléi zu Paräis kréie Police a Parquet méi Muecht/Näischt ginn aus multikultureller Gesellschaft soen CDU an CSU

  • Panorama

    Panorama

  • Panorama

    François Hollande Tournée géint den Islamesche Staat / Britescht Parlament decidéiert iwwert Militärasaz a Syrien / Am Bommeleeër-Dossier gëtt weider enquêtéiert, esou d'Wort

  • Panorama

    Hollande fuerdert méi Engagement vun Däitschland am Kampf géint IS/ Obama ënnerschreift de Verdeedegungsbudget mee ass enttäuscht/Batter Defaite fir déi lëtzebuerger Basket-Dammen

  • Panorama

    Hollande fuerdert méi Engagement vun Däitschland am Kampf géint IS/ Obama ënnerschreift de Verdeedegungsbudget mee ass enttäuscht/Batter Defaite fir déi lëtzebuerger Basket-Dammen

  • Panorama

    1. Russland-Tierkei: Ausso géint Ausso iwwer den Ofschoss vum Kampfjet
    2. "Den IS muss zerstéiert ginn", de Manuel Valls verdeedegt e weideren Syrien-Asaz an der Assemblée nationale.
    3. Burkaverbuet: Syvicol fuerdert eng national Léisung.
  • Panorama

    Positiv Tendenz um Aarbechtsmaart / Franséische Premier Valls: keng weider Flüchtlinge méi an d'EU / Zweete russesche Pilot vun ogeschossenem Kampfjet gerett

  • Panorama

  • Panorama

    Tensiounen tëscht Russland an USA si grouss / Lëtzebuerg kritt kee "Burka-Gesetz", mee Pecherten kréie méi Kompetenzen / Maggy Nagel "not amused" iwwert Witz iwwert Lëtzebuerg

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen