Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Fir UEL gëtt Lëtzebuerg duerch Steierreform manner attraktiv fir auslännesch Investisseuren / Luc Frieden neie BIL-President ? / Bannent Republikanescher Partei gëtt sech géint Donald Trump mobiliséiert

  • Panorama

    Luc Frieden Kandidat fir President vun der BIL ze ginn (RTL) / EU-Rotspresident Donald Tusk un d'Wirtschaftsflüchtlingen: "Kommt net an Europa!" / Impakt vum Klimawandel op d'Ernährung kéint bis 2050, 500.000 Mënschen d'Liewe kaschten

  • Panorama

    Sebastian Kurz: keng Flüchtlinge méi duerchwenken / Gemenge kréien 90 Milliounen d'Joer bei / Nordkorea feiert d'Kuerzstreckerakéiten of 

  • Panorama

    Steierreform: ULC zefridden / 2015 gutt Joer fir Tourismus: 2,7 Milliounen Nuitéeën / Hillary Clinton an Donald Trump Gewënner um Super Tuesday

  • Panorama

    Clinton an Trump Gewënner vum Super Tuesday / Gewerkschafte positiv iwwert Steiererform / 700 Milliounen Hëllef fir Flüchtlingskris

  • Panorama

    Clinton an Trump Gewënner vum Super Tuesday / Gemenge kréien 90 Milliounen / EU presentéiert Nouthëllefplang fir Flüchtlingskris

  • Panorama

    Steierreform: ekologesch Elementer sinn immensen Duerchbroch, sou de Minister Bausch / D'AIS ass zefridde mat Mesuren am soziale Wunnengsbau

  • Panorama

    Steierreform: Kee Sputt fir weider Betriibssteier-Entlaaschtung / Gewalt am Flüchtlingscamp zu Calais / Zika Virus kéint neurologesch Krankheet verursaachen

  • Panorama

    Steierreform: Politesch Oppositioun waart op konkret Zuelen / Gewalt am Flüchtlingscamp zu Calais / Zika Virus kéint neurologesch Krankheet verursaachen

  • Panorama

    Steierreform: Staat muss op 4 bis 500 Milliounen Euro Recettë verzichten / Inflatiounstaux am Euroraum op minus 0,2% / Leonardo Di Caprio kritt säin éischten Oscar

  • Panorama

    Oscaren: Spotlight beschte Film, Leonardo di Caprio a Brie Larson bescht Schaupiller(in) / UNO kënnegt Hëllef fir Syrien un / Uli Honeß nees fräi

  • Panorama

    Oscaren: Spotlight beschte Film, Leonardo di Caprio a Brie Larson bescht Schaupiller / UNO kënnegt Hëllef fir Syrien un / Mir kënne Griicheland net fale loossen, seet Angela Merkel

  • Panorama

    Schwäiz géint eng friemefeindlech Initiative / Regierung an Irland kritt d’Quittung vun de Wieler / Futtball: F91 Diddeleng behält véier Punkte Virsprong op d'Fola

  • Panorama

    Martine Deprez als UGDA-Presidentin confirméiert / Hillary Clinton gewënnt d'Primaries a South Carolina / 10Dausende Flüchtlinge sinn an Nordgriichenland bloquéiert

  • Panorama

    Wafferou a Syrien gréisstendeels respektéiert / Zwee Doudeger an Ausotaccident op N10, an zwee Doudeger bei Accident op engem Haff / Brexit "globale Schock", seet G20

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen