Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    39 Flüchtlingen um Wee a Griicheland erdronk/ UEL enttäuscht mat Regierungsaarbecht/ Angelique Kerber wënnt Finall géint d'Serena Williams zu Melbourne.

  • Panorama

    D'EU a Groussbritannien sollen sech an hire Reformgespréicher méi no komm sinn / Déi syresch Oppositioun reest awer lo op Genf / D'Emailsaffair vum Hillary Clinton taucht rëm op 

  • Panorama

    De Steierkredit fir Salariéeën, Indépendanten, a Leit an der Pensioun kéint gehéicht ginn / Kënnt de Musée fir Lëtzebuerger Konscht? / Däitschland verschäerft seng Asylgesetzer

  • Panorama

    Japanesch Zentralbank decidéiert Negatifzënsen / Schwiereg syresch Friddensgespréicher / FAPEL: Schoulautonomie: Jo - Qualitéitsënnerscheeder: Nee!

  • Panorama

    Japanesch Zentralbank decidéiert Negatifzënsen / Schwiereg syresch Friddensgespréicher / FAPEL: Schoulautonomie: Jo - Qualitéitsënnerscheeder: Nee!

  • Panorama

    Holland wëll Réfugiéen op griicheschen Inselen zeréck an Tierkei féieren/ Fernand Etgen: Reatrd bei neiem Agrargesetz net seng Schold / EU-Kommissioun presentéiert Aktiounsplang géint Steieroptimiséierung

  • Panorama

    EU-Kommissioun relancéiert Iddi vun enger gemeinsamer consolidéierter Steierbasis / Agrargesetz Enn Mäerz, Ufanks Abrëll fäerdeg / Schwede plangt 60 bis 80 Dausend ofgewisen Asyldemandeuren auszeweisen

  • Panorama

    Neie President vu Saint-Pault: Luc Frieden / 18ten Februar: gëtt et en Accord iwwert d'Reform vum PAN-Gesetz? / Schweden: 80.000 Flüchtlingen sollen ausgewisen ginn

  • Panorama

    Luc Frieden gëtt Präsident vum Grupp Saint-Paul / D'EU-Kommissioun fuedert besser Grenzkontrollen a Griicheland / D'Christiane Taubira trëtt zréck

  • Panorama

    "Le tout nouveau testament" fir d'Césaren nominéiert / Franséisch Justizministerin Taubira demissionéiert /  FLF ënnerstëtzt  Infantino fir FIFA-President ze ginn

  • Panorama

    Lëtzebuerg kritt en neie visuellen Image / "Schoolleaks": Strofe vum Disziplinarrot géint véier Léierinnen / Kleng Aviatioun a Gefor wéinst Politik vu Luxairport?

  • Panorama

    "Schoolleaks": Strofe vum Disziplinarrot géint véier Léierinnen / Kritik vu Reliounsgemeinschaften um Kuer "Liewen a Gesellschaft" vum Educatiounsminister / Kleng Aviatioun a Gefor wéinst Politik vu Luxairport?

  • Panorama

    Chômage onverännert bei 6,7% / Lëtzebuerg soll eng Plattform kréie fir online Medikamenter ze kafen / Dänemark plangt Gesetz fir de Migrante Wäertsaachen ofzehuelen

  • Panorama

    Der Fedil no gëtt et wéinst de Gewerkschaften nach keen Accord iwwert d'Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit / Police muss méi streng si fir Drogeproblem an de Grëff ze kréien / UNO schéckt Invitatioune fir Syrien-Friddensgespréicher eraus

  • Panorama

    Der Fedil no gëtt et wéinst de Gewerkschaften nach keen Accord iwwert d'Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit / Police muss méi streng si fir Drogeproblem an de Grëff ze kréien / UNO schéckt Invitatioune fir Syrien-Friddensgespréicher eraus

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen