Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    26 Doudeger an Attentat a Burkina Faso/ Tsai Ing-wen gëtt Presidentin an Taiwan/ Entwécklungsprogramm fir Kultur muss ëmgesat gin seet F. Fayot (LSAP) am Riicht Eraus

  • Panorama

    Jean Asselborn bei wäitem dee beléifste Politiker am Süden/ Attack op en Hotel a Burkina Faso: op mannst 20 Doudeger/ Atomaccord mam Iran: historeschen Dag zu Wien

  • Panorama

    Wirtschaft a Chômage nach ëmmer Prioritéit Nummer Eent vun der EU-Kommissioun / Dozenden Doudeger bei Attacke vun Al Shabab géint Militärbasis a Somalia / Tennis: Gilles Müller an der Halleffinale zu Sydney éliminéiert

  • Panorama

    Top dräi am Zentrum: Wiseler, Bettel a Polfer / Neijooschreceptiounen vun ADR,  "Di Lénk" an ALEBA / Weltsécherheetsrot: humanitär Hëllef fir syresch Stied

  • Panorama

    Top dräi am Zentrum: Wiseler, Bettel a Polfer / Neijooschreceptiounen vun ADR,  "Di Lénk" an ALEBA / Weltsécherheetsrot: humanitär Hëllef fir syresch Stied

  • Panorama

    François Bausch konfirméiert Pläng fir Vol Findel-New York / Politbarometer: och am Zentrum CSV-Politiker fir / WADA: Massiv Korruptioun a Vertusche vun Dopping bannent IAAF

  • Panorama

    Zwee Joer feste Prisong fir Beamten wéinst stalking / Geplangte Fermeture vu klenge Police-Kommissariater net ouni Accord vun de Gemengen / IS hannert den Attacken zu Jakarta?

  • Panorama

    Verfassungsreferendum kënnt Ufank 2018 / LSAP: Zouversiicht trotz schlechten Emfroresultater / Explosiounen zu Jakarta: op mannst 5 Doudeger

  • Panorama

    Verfassungsreferendum kënnt Ufank 2018 / LSAP: Zouversiicht trotz schlechten Emfroresultater / Explosiounen zu Jakarta: op mannst 5 Doudeger

  • Panorama

    Lëtzebuerg huet en neie Kollektiv "Tax Justice" / Istanbul: Wahrscheinlech all di 10 Doudesaffer Däitscher / Polen: EU-Kommissioun beréit iwwer méiglech Sanktiounen

  • Panorama

    Tageblatt-Ëmfro: Am Oste sinn zwou Fraen déi beléifste Politiker/ D’EU-Kommissioun beréit iwwer déi ëmstridde Reformen a Polen/Optimistesch Téin am Obama senger leschter Ried zur Lag vun der Natioun

  • Panorama

    Tageblatt-Ëmfro: Am Oste sinn zwou Fraen déi beléifste Politiker/ D’EU-Kommissioun beréit iwwer déi ëmstridde Reformen a Polen/Optimistesch Téin am Obama senger leschter Ried zur Lag vun der Natioun

  • Panorama

    Suicide-Attentat zu Istanbul: 8 vun 10 Affer däitsch Touristen / Däitsch Regierung mat neie Gesetzer fir kriminell Auslänner auszeweisen / CLC net averstane matt Reform vum Bail Commercial

  • Panorama

    10 Doudeger bei Explosioun zu Istanbul / Lëtzebuerg kritt eng Lëscht mat Gebaier, déi musse geschützt ginn / PIB am 3. Trimester em 5,4%, op ee Joer gekuckt gewuess

  • Panorama

    Chambre des Salariés: budgetäre Mëttele géint Aarmut sinn do/ Keng Kris am Automobilsecteur trotz Minus bei de Venten/ Lionel Messi kritt fir d’fënnefte Kéier de Ballon d’Or

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen