Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Russland a Westen nees a kalem Krich, seet Medwedew / Ikea spuert vill Steieren, och iwwer Lëtzebuerg / Kathoulesch a russesch orthodox Kierche wëlle Liene verstäerken.

  • Panorama

    IKEA spuert vill Steieren, och iwwer Lëtzebuerg / A Syrien goufen et nei schwéier Kämpf / Weltwäit stierwe pro Joer 5,5 Millioune Mënschen duerch Loftverschmotzung

  • Panorama

    Bachar El Assad: "Ech well ganz Syren zréck erueweren" / ABBL: Kéng negativ Konsequenzen wann d'Bankgeheimnis fir Residenten ofgeschaaft gëtt / EU: Ultimatum fir Griicheland

  • Panorama

    Akkord fir Wafferou a Syrien bannent enger Woch / Enn vum Bankgeheimnis fir Residenten zu Lëtzebuerg? / Wat sinn Gravitatiounswellen: Erklärung vu Fuerscher

  • Panorama

    Konflikt a Syrien: Léisung a Siicht / Hollande: "wëll Frankräich weider reforméieren" / Postreform: Gewerkschaft onzefridden / TV-Duell tëscht Clinton a Sanders 

  • Panorama

    Konflikt a Syrien: Léisung a Siicht / Hollande: "wëll Frankräich weider reforméieren" / Postreform: Gewerkschaft onzefridden / TV-Duell tëscht Clinton a Sanders 

  • Panorama

    Astro-Physik: An den USA ass et gelongen Gravitatiouns-Wellen ze moossen / D’NATO wëllt géint Schlepperbanden kämpfen / De Jean-Marc Ayrault gëtt franséischen Ausseminister

  • Panorama

    NATO schéckt Schëffer fir illegale Flüchtlingstransport ze bremsen / Russland bereet iwwer Waffestëllstand a Syrien ze diskutéieren / M.Minella verléiert am WTA an Taiwan

  • Panorama

    Aleppo: Waasser, Iessen a medizinesch Versuergung gëtt knapps / Frankräich huet Verfassungsreform gestëmmt / Franséisch Rechtschreifreform: och zu Lëtzebuerg Thema

  • Panorama

    Aleppo: Waasser, Iessen a medizinesch Versuergung gëtt knapps / Frankräich huet Verfassungsreform gestëmmt / Franséisch Rechtschreifreform: och zu Lëtzebuerg Thema

  • Panorama

    Héichwaasser: Keng Schëffer op der däitscher Säit vun der Musel / Finanzamt Tréier: Lëtzebuerg ass e Schwéierpunkt / Franséischt Parlament: Verfassungs-Reform ugeholl

  • Panorama

    Héichwaasser op der Musel: cote d'alerte kéint erreescht ginn / Supreme Court stellt Klimaengagementer vun den USA a Fro / Verfassungsreform a Frankräich mat ongewësser Majoritéit

  • Panorama

    Stuerm iwwer Lëtzebuerg calméiert, mee Pegel vun der Musel klëmmt / Trump a Sanders gewanne Virwahlen am New Hampshire / Assemblée Nationale hëlt emstridden Oferkennung vun der Nationalitéit un

  • Panorama

    Stuerm iwwer Lëtzebuerg calméiert, mee Pegel vun der Musel klëmmt / Trump a Sanders gewanne Virwahlen am New Hampshire / Assemblée Nationale hëlt emstridden Oferkennung vun der Nationalitéit un

  • Panorama

    Staarke Wand: Eng Persoun liewensgeféierlech blesséiert / Frankräich verlängert den Etat d'Urgence ëm 3 Méint / Zuchsaccident a Bayern: Op mannst 9 Doudeger

Programm

  • Ligne 2

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen