Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Erschossene paräiser Islamist zu Lëtzebuerg?/Restriktioune fir Flüchtlingen an Däitschland/CSV-Reformergrupp schléisst zukënfteg Koalitioun mat ADR net aus

  • Panorama

    Wilmes: d'CSV muss Profil schäerfe fir 2018 / Merkel wëllt méi streng Ausweisungsregele fir condamnéiert Flüchtlingen / Sean Penn huet "El Chapo" interviewt 

  • Panorama

    Merkel proposéiert méi strengt Asylgesetz no Attacken zu Köln/ LSAP muss sozialpolitesch Ausriichtung iwwerdenken, seet OGBL President/ Drogechef El Chapo nees verhaft

  • Panorama

    Sonndesfro: ënnert dem Stréch Minus aacht Sëtz fir d'Majoritéit / Wat ass lass am Bistum? / Zwee Männer wollten en Hotel zu Hurghada attackéieren

  • Panorama

    Sondesfro Süden: LSAP - 3 Sëtz, DP - 1, + 1 Sëtz fir Déi Lénk a KPL/Chef vu Kölner Police gëtt vu Funktiounen entbonnen/ 2,7 Milliounen Passagéier um Findel zejoert

  • Panorama

    Changementer am Bistum: wollt den Äerzbëschof zréck trieden?/Corinne Cahen hëlt schlecht Sondagewäerter vun der DP ganz eescht/LuxLeaks-Prozess fänkt Enn Abrëll un

  • Panorama

    D'CSV wëllt d'Regierung net méi schounen / Tageblatt-Sonndesfro Zentrum: CSV: + 2 - DP: -2 / Weider oppe Froen iwwert d'Attack gëschter op e Paräiser Policekommissariat

  • Panorama

    D'CSV wëllt d'Regierung net méi schounen / Tageblatt-Sonndesfro Zentrum: CSV: + 2 - DP: -2 / Weider oppe Froen iwwert d'Attack gëschter op e Paräiser Policekommissariat

  • Panorama

    Mann erschoss zu Paräis um Joeresdag vu Charlie Hebdo Attacken/ Sondesfro Zentrum: DP verléiert 2 Sëtz/ Cargolux soll 35% bei Cargolux China iwwerhuelen

  • Panorama

    ALIA warnt viru Quasi-Monopol vun CLT-UFA an der Radiolandschaft/Streng Sanktioune gefuerdert no Atomtest vun Nordkorea/China zitt déi international Boursen no ënnen

  • Panorama

    1 Joer Charlie Hebdo / Tageblatt Sonndesfro am Norden, DP verléiert ee Sëtz, d'ADR gewënnt / Huet Nordkorea wierklech en Atomtest gemaach - Experten zweiwelen

  • Panorama

    1 Joer Charlie Hebdo / Tageblatt Sonndesfro am Norden, DP verléiert ee Sëtz, d'ADR gewënnt / Huet Nordkorea wierklech en Atomtest gemaach - Experten zweiwelen

  • Panorama

  • Panorama

    Nordkorea test Waasserstoffbomm, schaarf Kritik / Och zu Hamburg goufe Fraen an der Silvesternuecht belästegt / Iran ass bereet fir Gespréicher mat Saudi-Arabien

  • Panorama

    Spautz iwwer Frieden: “Bei der CSV stinn d'Dieren ëmmer fir hien op/Streik bei der belscher Eisebunn wéinst Spuerpläng vu Regierung/International Kritik no Atomtest vu Nordkorea/

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen