Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    COP 21 geet an d'Verlängerung / Oeuvre nationale Grand-Duchesse Charlotte stelle 15 Milliounen Euro zur Verfügung / IS Finanzchef stierft duerch Loftugrëff

  • Panorama

    COP 21 geet an d'Verlängerung / Oeuvre nationale Grand-Duchesse Charlotte stelle 15 Milliounen Euro zur Verfügung / IS Finanzchef stierft duerch Loftugrëff

  • Panorama

    Neie Luxair-Aktionär gëtt nächst Woch virgestallt/Asaz vun der Bundeswehr a Syrien fänkt un/Lescht Chance sech fir d’KO-Ronn vun der Futtball-Europaleague ze qualifizéieren

  • Panorama

    LCGB freet d'Non-Conciliatioun bei der Cargolux / Paräis: Proposen iwwerschreide rout EU-Lignen / Champions League: Aachtelsfinale fir Gent

  • Panorama

    LCGB freet d'Non-Conciliatioun bei der Cargolux / Paräis: Proposen iwwerschreide rout EU-Lignen / Champions League: Aachtelsfinale fir Gent

  • Panorama

    LCGB zitt sech aus Kollektivvertragsverhandlunge bei Cargolux zréck / Iddi fir G9 vu klenge Staaten: Premier Bettel ruddert an der Chamber zréck / Iwwer 800 Attacken op Flüchtlingsheemer huet d'Police an Däitschland dëst Joer gezielt

  • Panorama

    Amnesty International verlaangt besser Reguléierung vum Waffenhandel / Donald Trump Anti-Moslem Aussoe sinn eng Gefor fir d'Sécherheet vun den USA / Futtball: Manu aus Championsleague eliminéiert

  • Panorama

    Amnesty International verlaangt besser Reguléierung vum Waffenhandel / Donald Trump Anti-Moslem Aussoe sinn eng Gefor fir d'Sécherheet vun den USA / Futtball: Manu aus Championsleague eliminéiert

  • Panorama

    Dan Kersch: Spuerkees muss sech un Accorden halen / Féduse: Enseignanten net responsabel fir di medezinesch Betreiung vu Schüler / Rëm 6 Flüchtlingskanner erdronk

  • Panorama

    CGFP wiert sech géint Austeritéit / Decisiv Diskussiounen op der Welt-Klima-Konferenz / Donald Trump wëll, datt keng Mosleme méi an d'USA eragelooss ginn

  • Panorama

    Detailer zum Eropzesetzen vu Studiebäihëllefen: CSV an UNEL net zefridden / Stad Lëtzebuerg rechent bei Budget 2016 matt Defizit vun 95 Mio. Euro / Däitschland rechent fir 2015 matt enger Millioun Réfugiéë

  • Panorama

    Regionalen: PS mécht Barrage géint FN an zitt Kandidaten zréck / 964.000 Flüchtlingen dëst Joer an Däitschland / BCL: Regierung huet  wéineg Spillraum fir Steierreform

  • Panorama

    Historesch Victoire fir de Front National bei de Regionalwahlen/Kämpferesch Wierder vum Barack Obama am Kampf géint Terrorismus/Debakel fir d’Jeunesse an der Futtball-Coupe

  • Panorama

    Historesch Victoire fir de Front National bei de Regionalwahlen/Kämpferesch Wierder vum Barack Obama am Kampf géint Terrorismus/Debakel fir d’Jeunesse an der Futtball-Coupe

  • Panorama

    Regionalwahlen a Frankräich: Taux de Participation vun 43 % / Terroristesch Messer-Attack zu London an Incident op Lufthansa-Vol / Coupe: Käerjeng eliminéiert Titelverdeedeger Déifferdeng

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen