Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    A. Bodry fuerdert neie Kader fir d'Dotatioun vum Haff / Brasilien awer bereet Hëllef bei Bëschbränn unzehuelen / Nach keng nei Koalitioun an Italien

  • Panorama

    A. Bodry fuerdert neie Kader fir d'Dotatioun vum Haff / Brasilien awer bereet Hëllef bei Bëschbränn unzehuelen / Nach keng nei Koalitioun an Italien

  • Panorama

    Verbueden am Stauséi ze schwammen / De Cotisatiounssystem vun der Handwierkerkammer gëtt erneiert / Statec-Etüd: Logement verschäerft d'Ongläichheet

  • Panorama

    Immobilie-Präisser: Hausse vu 5,4 Prozent iwwer 7 Joer / Déiereschutz: "Net alles besser" mam neie Gesetz / Italie sicht weider no neier Regierung

  • Panorama

    Brasilien refuséiert Hëllef vum G7 / Geplangtent Faillite-Gesetz ze streng, sou Chambre des Metiers / Héich Strof fir US Pharmakonzern Johnson & Johnson

  • Panorama

    Brasilie refuséiert Hëllef vum G7 / Geplangte Faillitte-Gesetz ze streng, sou Chambre des Metiers / Héich Strof fir US Pharmakonzern Johnson & Johnson

  • Panorama

    Enkpäss bei der Gebuertshëllef / Trump bereet sech mam Ruhani ze treffen / G7 accordéieren Hëllef fir den Amazonas

  • Panorama

    Wäiswampech: Henri Rinnen wëllt Buergermeeschter bleiwen / Handelssträit: China an d'USA wëllen nees verhandelen / A Brasilie gëtt et kee groussen Drock op d'Regierung

  • Panorama

    Bierger vu Wäiswampech leene Projet fir Vakanzen-Komplex of / Baueren erwaarde schlecht Uebst- a Geméis Recolte / Protester zu Hongkong hunn sech nees zougespëtzt

  • Panorama

    Bierger vu Wäiswampech leene Projet fir Vakanzen-Komplex of / Baueren erwaarde schlecht Uebst- a Geméis Recolte / Protester zu Hongkong hunn sech nees zougespëtzt

  • Panorama

    Wäiswampech: 60 Prozent si géint de Projet Suneo Park / Brasilien: Arméi bekämpft Bëschbränn / G7: Iraneschen Ausseminister suergt fir Iwwerraschung

  • Panorama

    Asselborn: Fräihandelsaccord Mercosur op Äis geluecht / Treffen tëschent Trump a Boris Johnson um G7 / Referendum zu Wäisswampech iwwer Suneo-Park

  • Panorama

    Haff wëllt "Rumeuren" iwwer Personalpolitik aus der Welt schafen / Trump dreet mat Stroftaxen op franséischem Wäin / RTL-Moderator Jochen Pützenbacher ass dout

  • Panorama

    RTL-Moderator Jochen Pützenbacher dout / Eskalatioun am Handelskonflikt tëschent USA a China / Asaz vu Gewalt bei Manifestatioun zu Hongkong

  • Panorama

    LCGB: Drëtt Nobesserung fir d'Studiebäihëllef ass eng Blamage / Eskalatioun am Handelskonflikt China-USA / G7 diskutéiert iwwer Bëschbränn am Amazonas
     

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen