Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

  • Panorama

  • Panorama

    Bluddeg Geiselnahm duerch Djihadisten an Hotel zu Bamako / EU-Bierger ginn nees op Baussegrenze vun EU kontrolléiert / Police-Kontrollen zu Entrange gi fir onbestëmmten Zäit virun

  • Panorama

    Geiselnam zu Bamako am Mali / EU-Innen- a Justizministere beroden iwwer Verschäerfung Sécherheetsmesuren / Sechs Mafiosien an Italien verhaft wéinst geplangtem Ministermord.

  • Panorama

    Valls: Terrorbedrohug ass weider do / EU-Inneminister wëllen Antiterrormesuren decidéieren / SYFEL: Kierchefabrike moderniséieren, net ofschafen

  • Panorama

    Valls: Terrorbedrohug ass weider do / EU-Inneminister wëllen Antiterrormesuren decidéieren / SYFEL: Kierchefabrike moderniséieren, net ofschafen

  • Panorama

    Presuméiertem Drotzéier hannert Paräiser Attentater doud/ Israel: Palästinenser bréngen 5 Israeli ëm CSL: Regierung beim Ëmsetzen vum Spuerpak op der Streck bliwwen

  • Panorama

    Scuto liwwert weidere Beweis fir Kollaboratioun / CSL: Staatsbudget net esou sozial wéi behaapt / Sodexho wëll weltäit Plazen ofbauen, Lëtzebuerg wier net betraff.

  • Panorama

    Ass den Abaaoud zu Saint-Denis ëmkomm? / Russland presentéiert eng UNO Resolutioun géingt den IS / De Frédéric Zeimet wënnt den éischten 100,7 Radiopräis

  • Panorama

    Ass den Abaaoud zu Saint-Denis ëmkomm? / Russland presentéiert eng UNO Resolutioun géingt den IS / De Frédéric Zeimet wënnt den éischten 100,7 Radiopräis

  • Panorama

    Raid zu Paräis géint Terrorverdächtegen - 2 Doudeger, 7 Festnahmen / Leit mam voile intégral ginn d'office kontrolléiert / Kannergeld-Reform trëtt wuel net den 1. Januar a Kraaft

  • Panorama

    Antiterroraktioun zu Paräis : dräi Doudeger / Däitschland - Holland wéinst Terroralarm ofgesot / Romain Schneider: méi Efforten an der Kooperatiounspolitik

  • Panorama

    Antiterroraktioun zu Paräis : zwee Doudeger / Däitschland - Holland wéinst Terroralarm ofgesot / Romain Schneider: méi Efforten an der Kooperatiounspolitik

  • Panorama

    EU gëtt Frankräich voll Ënnerstetzung am Kampf géint IS / Russesche Fliigercrash vum 31.Oktober war wéinst enger Bomm / Luxair-Accident am September wéinst Feeler vu Copilot

  • Panorama

    Frankräich freet offiziell Hëllef vun den aneren EU-Länner/ No den Attentater zu Paräis zitt och London seng Konsequenzen/ Ferm Kritik vun Amnesty International un der europäescher Flüchtlingspolitik.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen