Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
  2. Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
  3. Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
  4. Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
  5. De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
  6. An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
  7. D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
  8. No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Kand stierft um Knuedler bei Äis-Skulptur Accident / Gewënner fir pro-demokratesch Kandidaten zu Hongkong / Ënnerdréckung vun Uiguren Minoritéit a China

  • Panorama

    Kand stierft um Knuedler bei Äis-Skulptur Accident / Gewënner fir pro-demokratesch Kandidaten zu Hongkong / Ënnerdréckung vun Uiguren Minoritéit a China

  • Panorama

    Ëffentlech Schold ze niddereg, mengt Statec-Direkter / Iwwerschwemmungen op der Côte d'Azur / Rekord bei Wielerparticipatioun zu Hongkong
     

  • Panorama

    300 Manifestanten géint Gewalt géintiwwer Fraen / HIV-Schnelltester a Cactus-Filialen disponibel / Italienesch Regierung an Arcelor-Mittal wëllen ILVA retten

  • Panorama

    HIV-Schnelltester am Supermarché ze kafen / Demo zu Paräis géint Gewalt u Fraen / Maniff fir d'Pressefräiheet zu Hannover

  • Panorama

    CLT-UFA iwwerhëlt Undeeler vun Editpress un Eldoradio / Changementer fir Zuchpassagéier op der Streck Lëtzebuerg-Metz / Masseprotester a Kolumbien

  • Panorama

    CLT-UFA iwwerhëlt Undeeler vun Editpress un Eldoradio / Changementer fir Zuchpassagéier op der Streck Lëtzebuerg-Metz / Masseprotester a Kolumbien

  • Panorama

    Lëtzebuerg bedeelegt sech mat Zaldoten un UN-Mali-Missioun / Eldoradio wäert CLT-Ufa zu 100 % gehéieren / D. Trump: China wéinst him net agegraff

  • Panorama

    Ëmstellungen op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Metz / Lëtzebuerg ass gutt Ëmfeld fir Start-Ups / Vote iwwer nei EU-Kommissioun am EU-Parlament de 27.11.

  • Panorama

    Google huet déi Biisser Bierger informéiert / 2 Avisen iwwer de Staatsbudget / Israel: B. Nethanjahu wëllt weider regéieren, trotz Uklo wéinst Korruptioun 

  • Panorama

    Google huet déi Biisser Bierger informéiert / 2 Avisen iwwer de Staatsbudget / Israel: B. Nethanjahu wëllt weider regéieren, trotz Uklo wéinst Korruptioun 

  • Panorama

    Google informéiert iwwer geplangten Datenzenter / Avisen iwwer Budgetsprojet fir 2020 / B. Netanjahu soll viru Geriicht kommen

  • Panorama

  • Panorama

    EU-Kommissioun: Budgetspläng fir 2020 erfëllen Stabilitéitspakt / Google: Informatiounsversammlung zu Biissen / Israel: ginn et Neiwalen? 

  • Panorama

    EU-Kommissioun: Budgetspläng fir 2020 erfëlle Stabilitéitspakt / Google: Informatiounsversammlung zu Biissen / Israel: ginn et Neiwalen?

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen