Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Et brennt den Ament zu Veianen am Bësch, d'Pompjeeë sinn op der Plaz.
  2. Et feelt un Hotellen an der Haaptstad, fir der Demande gerecht ze ginn, seet den Direkter vum Luxembourg City Tourist Office, den Tom Bellion.
  3. No de schlëmmen Attentater gëschter op Sri Lanka goufen haut weider Sprengsätz an der Haaptstad Colombo fonnt a kontrolléiert gesprengt. Eng weider Persoun gouf festgeholl.
  4. Haut ass et eng Woch hir, datt et zu Paräis an der Kathedral Notre-Dame gebrannt huet. Esou séier wéi méiglech soll dat historescht Gebai restauréiert ginn, eng Entreprise fir déi aus der ganzer Welt Hëllefsversprieche kommen
  5. Ab Ufank Mee gëllen d'Sanktioune vun den USA um Import vu Pëtrol aus dem Iran ouni weider Ausnahme fir bestëmmte Staaten. Dat huet d'Wäisst Haus zu Washington annoncéiert.
  6. Russland wëllt zu dësem Zäitpunkt nach net iwwert eng eventuell Zesummenaarbecht mam neien ukrainesche President Wolodymyr Selenskyi schwätzen.
  7. Bei engem Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,3 am Norde vun de Philippinnen sinn op d'Mannst 5 Mënschen em d'Liewe komm.
  8. D'Mandy Minella steet am Haapttableau vum WTA-Tennistournoi zu Stuttgart. De Mëtteg huet d'Lëtzebuergerin am 3. Tour vun der Qualifikatioun an 3 Sätz mat 6:3, 5:7 a 6:2 géint d'Russin Vera Zvonareva gewonnen.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Éisträichesche Vizekanzler an FPÖ-Chef demissionéiert / 75% vun de Schüler an der ENAD packen hiren Ofschloss / Ken Diederich neien Trainer vum T71

  • Panorama

    Regierungskris an Éisträich / Gespréich mam ENAD Direkter C. Welfring / Parlamentswahlen an Australien 

  • Panorama

    Konzept fir d'Cannabis-Legaliséierung: am Hierscht / Naturschutzorganisatioune fuerderen anere Wirtschaftsmodell / Regierungskris an Éisträich

  • Panorama

    Konzept fir d'Cannabis-Legaliséierung: am Hierscht / Naturschutzorganisatioune fuerderen anere Wirtschaftsmodell / Regierungskris an Éisträich

  • Panorama

    Legaliséierung vum rekreative Cannabiskonsum an dëser Legislaturperiod / Ëmweltschutzorganisatioune triede gemeinsam fir Schutz vu Biodiversitéit an

  • Panorama

    D'Erna Hennicot-Schoepges reagéiert iwwer den Ieoh Ming Pei / Europawahlen: Charel Goerens wëllt Mandat fäerdeg maachen / Brexit Gespréicher tëscht Labour a Konservative si gescheitert

  • Panorama

    Den Ieoh Ming Pei ass dout / 96% Zoustëmmung fir de Comité directeur vun der DP / F. Becca investéiert awer beim 1. FC Kaiserslautern

  • Panorama

    Den Ieoh Ming Pei ass dout / 96% Zoustëmmung fir de Comité directeur vun der DP / F. Becca investéiert awer beim 1. FC Kaiserslautern

  • Panorama

    Hausse bei Fluchhafen-Taxen / Ambitiéis Zukunft fir d'Handwierk / Wee fräi fir Investissement vum F. Becca an den FC Kaiserslautern

  • Panorama

    Fluchtaxen um Findel gi gehéicht / D'Handwierk zu Lëtzebuerg zitt e positive Bilan / Venezuela: an Norwege verhandele Regierung an Oppositioun

  • Panorama

    CSV a Regierung: Sträit iwwer EU-Kommissiounspresident  / Logementsministère: gutt wa Bausecteur Wunnenge fir Personal schaaft / FCK: Quatrex ass fir F. Becca

  • Panorama

    CSV a Regierung: Sträit iwwer EU-Kommissiounspresident  / Logementsministère: gutt wa Bausecteur Wunnenge fir Personal schaaft / FCK: Quatrex ass fir F. Becca

  • Panorama

    Monument fir G.-D. Jean/CSV Motioun iwwer EU-Spëtzekandidaten/Encevo-Direkter iwwer chineseschen Aktionnär/FLF geet an Appell géint UEFA

  • Panorama

    2018: 400 Milliounen Euro fir Entwécklungshëllef / Luxair mécht 12,5 Millioune Benefiss 2018 / Brexit-Deal: May wëllt neie Vott am Juni

  • Panorama

    2018: 400 Milliounen Euro fir Entwécklungshëllef / Luxair mécht 12,5 Millioune Benefiss 2018 / Brexit-Deal: May wëllt neie Vott am Juni

Programm

Dossieren

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen