Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

© Sebastian Philipp

Chance an Challenge

Julie Adalsteinsson, Line Faber, Cathy Heid, Lucie Krysatis an Damien Mueller - 5 jonk Museker hunn et dës Kéier an de European Union Youth Orchestra gepackt a si bei der Fréijoerstournée derbäi - mat enger Statioun haut den Owend an der Philharmonie.

Rezent Emissiounen

  • D'Matthäus-Passioun

    Dem J.S. Bach säi Meeschterwierk gëtt e Sonndeg (26.3.2017) zu Ettelbréck opgefouert.

  • Ass d'Musekskritik an der Kris?

    D'Eleonore Büning, d'Directrice vum "Preis der Deutschen Schallplattenkritik", am Gespréich

  • Vu Klassik bis Pop

    De Feuerbach-Quartett wandert tëscht de Genren

  • La voce è mobile

    E Spectacle am Kinneksbond zu Mamer (18.3.2017)

  • Franséisch Chansonen an e Saxophon-Quartett

    Den Amstel Quartett trëtt am Kader vum Festival "Musek am Syrdall" mam Chansonnier Philippe Elan op.

  • Daphnis et Chloé

    Den OPL spillt dem Ravel säi Meeschterwierk am Concert an hëlt et fir eng CD-Produktioun op.

  • Vu Brahms bis Poulenc

    De Klarinettist Horacio Ferreira kënnt als Rising Star an d'Philharmonie.

  • Night Shift

    Den Ensemble Lucilin spillt am Casino Lëtzebuerg.

  • "El Canto de Orfeo"

    Dee spueneschen Ensemble trëtt bei de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette op.

  • Dem Gustav Mahler seng 4. Symphonie

    D'Nadine Bichler dirigéiert de Kammerorchester vun der Iechternacher Museksschoul.

  • Den Nikolaj Znaider kënnt an d'Philharmonie

    Zesumme mat der Tschechescher Philharmonie spillt de Geiist dem Wolfgang Amadeus Mozart säi 5. Concerto.

  • Tempus est iocundum

    Den Ensemble feiert säi 40. Anniversaire.

  • Emmanuel Pahud and Friends

    Dee Schwäizer Flüttist kënnt an d'Philharmonie.

  • De Busch-Trio

    Den Ensemble ass den Owend (10.3.2017) fir ee Concert am CAPE.

  • Clarinetics

    Den 12. Mäerz 2017 steet d'Instrumentefamill vun der Klarinett am Mëttelpunkt am Stater Conservatoire.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen