Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Nei Filmer

Mëttlerweil läit d'Zuel vun deene Filmer, déi all Woch an eise Kinoen ulafe relativ héich, eng hallef Dosen an der Reegel. Normalerweis stiechen dann een, zwee Filmer ervir, déi ee wierklech recommandéiere kann. Dës Woch awer ass eng richteg Erausfuerderung fir all Cinéphile. Dës Woch trëfft Quantitéit op Qualitéit. Martine Reuter mam Iwwerbléck.

Rezent Emissiounen

  • Sammelen, erfaassen an zougänglech maachen

    De Centre d'études et de documentation musicales a seng Aufgaben

  • Den Ginger Baker ass dout

    Den tempramentvollen Drummer vun der legendäer britescher Band ronderëm de Eric Clapton ass gëschter am Alter vun 80Joer gestuerwen.

  • Kultur Spezial: Esther Kinsky

    Am Institut Pierre Werner huet déi renomméiert Schrëftstellerin an Iwwersetzerin iwwer d'Bedeitung vun der Iwwersetzung geschwat.

  • "The Contemporary Family of Man" brauch e Lifting

    Am CNA zu Diddeleng ass eng zweet "Family of Man" ukomm. Hir Authentifikatioun a Restauratioun ass mat engem zimlechen Opwand verbonnen.

  • En Haus wéi en Haus- a wéi engem Haus?

    En Theaterstéck, dat an engem Wunnhaus gespillt gëtt - en Text vun der Elise Schmit.

  • 70 Joer, 50 Joer Bühnecarrière an en neien Album

    De Peter Maffay huet fir säi ronne Gebuertsdag no fënnef Joer nees e Studioalbum erausbruecht mam Titel "Jetzt".

  • D'Nicole Max am Kasemattentheater

    Iwwer engem Kaffi erzielt d'Schauspillerin iwwer hir Roll am Daniel Keene Stéck "Der Regen". An dat muer an e Samschdeg am Kasemattentheater.

  • Imperfektioun, Akzeptanz an Zäit

    Dem Sandro Perri seng nei Scheif "Soft Landing" stécht voller delikate Momenter.

  • Daniel Kehlmann - Der unsichtbare Drache

    En inspiréierend Gespréich tëschent dem Literaturwëssenschaftler a Lyriker Heinrich Detering an dem bekannten Auteur Daniel Kehlmann.
     

  • Fangerofdréck zu Lissabon

    Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Sandrine Ronvaux stellt zu Lissabon am Museu Nacional de História Natural e da Ciência hir Wierker aus.

  • D'Nuit des Musées

    D'Kulturministesch Sam Tanson zielt am Interview iwwer den ofwiesslungsräiche Programm vun dësem Kulturevenement.

  • Ongewinntes am Fussballstadion

    "For Forest" nennt de Schwäizer Kënschtler Klaus Littmann seng Installatioun am Wörthersee-Stadion zu Klagenfurt. Ëm wat geet et?
     

  • Nei Filmer

    De wëlle Weste made in Luxembourg, dem Joker seng Biographie, e franséische Politiker en "manque d'idées" an e Bild, dat heemlech gemoolt gëtt.

  • Filmkritik: Never Grow Old

    Déi Lëtzebuerger Co-Productioun vum iresche Realisateur Ivan Kavanaugh ass ee pechschwaarze Western virun Terres Rouges-Hannergrond.

  • Capitani - Krimiserie op der Tëlee

    Eng stëmmeg Krimiserie mat enger fléissender Erzielform, déi Hand an Hand mat enger gelongener Realisatioun geet. Den 1. Oktober leeft "Capitani" un.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen