Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

En digitale Bannemaart ... ouni Grenzen?

D'Schafe vun engem digitale Bannemaart, ouni Grenzen an ouni Hindernisser - dat war eng Prioritéit vun der Kommissioun-Juncker. Wann aus 28 nationalen Digital-Mäert een eenzege gëtt, da kéinten doduerch, esou gouf deemools gesot, Honnertdausende vun neien Aarbechtsplaze geschaaft a Recettë vu méi wéi 400 Milliarden Euro d'Joer generéiert ginn. De Maurice Molitor huet bei zwee Experten nogefrot, a wéiwäit d'EU-Kommissioun hir Ambitiounen op deem Plang realiséiere konnt.

Rezent Emissiounen

  • Alles op de Vëlo

    Dëse Weekend ass am Mamerdall déi 24. Editioun vum Vëlos-Event. Am Ganze geet et ronn 18 Kilometer vu Mamer op Miersch.

  • EuGH kippt Klausel am Gesetz iwwer Studenteboursse fir Frontalieren

    Den LCGB ass der Meenung, datt an Zukunft keng Restriktioune fir Frontaliere méi an d'Gesetz fir d'Studiebäihëllefe kënne geschriwwe ginn.

  • Luxembourg Pride: Zesumme fir d'Diversitéit

    Eng ganz Woch laang ass zu Esch e Festival, bei deem d'Diversitéit an d'Vilfalt gefeiert gëtt. Dëst Joer kritt d'Luxembourg Pride 20 Joer.

  • Debatt tëschent Johnson an Hunt

    Eis England-Korrespondentin kuckt op den Tëlees-Debat tëschent dem Boris Johnson an dem Jeremy Hunt, deen eenzegen Debat, un deem de Boris Johnson acceptéiert huet deelzehuelen.

  • Tëschent Dréchent a Bio: Defie vun der Landwirtschaft

    An der Landwirtschaft géif een nach d'Nowierkunge vun der Dréchent vum leschte Joer spieren.

  • Mangoe fir de gudden Zweck

    De Michael Mertens importéiert zanter zéng Joer Mangoen. Mam Erléis ginn am Burkina Faso all Joer eng véier bis fënnef Pëtze gebaut.

  • No de Parlamentswahlen a Griichenland

    E Gespréich iwwer déi aktuell Situatioun mat eiser Korrespondentin zu Athen, Alkyone Karamanolis.

  • Aktioun vu move. géint den Aarteverloscht

    Déi jonk vum Mouvement écologique hunn déi lescht Woch mat enger Aktioun virum Forum Geesseknäppchen géint den Aarteverloscht demonstréiert.

  • Next british Premier

    Dans deux semaines que le Royaume-Uni connaîtra son premier ministre. Les candidats B. Johnson et J. Hunt font le tour du pays pour convaincre les militants du parti conservateur.

  • Sondagen: Wéi sinn déi reguléiert?

    Sondagë kënnen d'Resultat vu Wahle beaflossen. Aus deem Grond gëtt et a ville Länner Reegelen, wéi Medie mat Sondagen ëmginn.

  • Réckbléck op déi politesch Woch

    Déi politesch Woch an Europa huet ugefaange mat zéie Verhandlungen iwwer héich Posten an der EU a mat enger Iwwerraschung.

  • Dem Donald Trump seng Militärparad um Independence Day

    Traditionell ass den Independence Day en Dag ouni Politik, un deem Amerikaner zesummekomme fir d'Freedefeier ze kucken. Dat war dëst Joer anescht zu Washington.

  • "D'AIIB ass keng chinesesch Bank"

    De Sir Danny Alexander ass Vize-President vun der Asian Infrastructure Investment Bank.Dës huet d'nächst Woch e Jorestreffen zu Lëtzebuerg.

  • Serie Äerdschëff: De Finanzement

    De Projet Äerdschëff ass en edukativen, sozialen an ekologesche Projet, deen zu Réiden beim Atert-Lycée entsteet. Wéi gëtt e finanzéiert?

  • Entwécklung vum Antisemitismus zu Lëtzebuerg

    D'Asbl RIAL huet am éischte Semester 2019 méi Fäll vun Antisemitismus hei am Land gezielt, wéi fir dat ganzt Joer 2018.

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen