Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Maurice Clement a Sebastian Bohren

Bach um Klenge Maarnicher Festival

Innerhalb vun dräi Joer wëllen de Schwäizer Geiist Sebastian Bohren an de Lëtzebuerger Organist Maurice Clement dem Johann Sebastian Bach seng sechs Sonate fir Gei an Tasteninstrument a seng sechs Partiten a Sonate fir Gei solo op d'Bühn bréngen. Am Kader vum Klenge Maarnicher Festival steet zu Helzen elo (27.4.2019) den zweete Concert aus dësem Zyklus um Programm.

De Maurice Clement ass Invité beim Luc Boentges, fir iwwer dëse Projet ze schwätzen.

Rezent Emissiounen

  • Daphnis et Chloé

    Den OPL spillt dem Ravel säi Meeschterwierk am Concert an hëlt et fir eng CD-Produktioun op.

  • Vu Brahms bis Poulenc

    De Klarinettist Horacio Ferreira kënnt als Rising Star an d'Philharmonie.

  • Night Shift

    Den Ensemble Lucilin spillt am Casino Lëtzebuerg.

  • "El Canto de Orfeo"

    Dee spueneschen Ensemble trëtt bei de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette op.

  • Dem Gustav Mahler seng 4. Symphonie

    D'Nadine Bichler dirigéiert de Kammerorchester vun der Iechternacher Museksschoul.

  • Den Nikolaj Znaider kënnt an d'Philharmonie

    Zesumme mat der Tschechescher Philharmonie spillt de Geiist dem Wolfgang Amadeus Mozart säi 5. Concerto.

  • Tempus est iocundum

    Den Ensemble feiert säi 40. Anniversaire.

  • Emmanuel Pahud and Friends

    Dee Schwäizer Flüttist kënnt an d'Philharmonie.

  • De Busch-Trio

    Den Ensemble ass den Owend (10.3.2017) fir ee Concert am CAPE.

  • Clarinetics

    Den 12. Mäerz 2017 steet d'Instrumentefamill vun der Klarinett am Mëttelpunkt am Stater Conservatoire.

  • Franséisch Sakralmusek

    Den Ensemble Vocal du Luxembourg trëtt beim Klenge Maarnicher Festival op (11.3.2017).

  • "Le château de Barbe-Bleue"

    Zwee bekannte Komponiste stinn den Owend (8.3.2017) um Programm vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg: Joseph Haydn a Béla Bartok.

  • D'Laureaten aus de Lëtzebuerger Conservatoiren

    En nächste Samschdeg (11.3.2017) triede fënnef jonk Museker zesummen mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg am CAPE op.

  • De Pavel-Haas-Quartett

    Den Ensemble ass den Owend (7.3.2017) an der Philharmonie.

  • « Born 2 Dance »

    Eng Serie vun Danz-Spectaclen am Stater Conservatoire

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen