Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

E béist a sarkastescht Theaterstéck mat vill Wourecht

De Lëtzebuerger Auteur Tulio Forgiarini beschäftegt sech a senge Romaner oder Zeenarie mat der Gesellschaft an de Problemer, déi mir an där Gesellschaft hunn. An esou ass dat och a sengem Theaterstéck "Vum Himmel", dat den Owend (24.4.) zu Beetebuerg am Schlass Première huet. "Vum Himmel" ass eng Comédie mat ganz vill Witz, deen deels zimlech schwaarz ass, béis a sarkastesch, mee virun allem mat ganz vill Wourecht dran. De Jean Paul Maes huet dëst Stéck mat de véier jonke Schauspiller Rosalie Maes, Elena Spautz, Luc Lamesch an Timo Wagner inzeenéiert.
De Jean Claude Majerus mat Detailer.
 

Rezent Emissiounen

  • "The Contemporary Family of Man" brauch e Lifting

    Am CNA zu Diddeleng ass eng zweet "Family of Man" ukomm. Hir Authentifikatioun a Restauratioun ass mat engem zimlechen Opwand verbonnen.

  • En Haus wéi en Haus- a wéi engem Haus?

    En Theaterstéck, dat an engem Wunnhaus gespillt gëtt - en Text vun der Elise Schmit.

  • 70 Joer, 50 Joer Bühnecarrière an en neien Album

    De Peter Maffay huet fir säi ronne Gebuertsdag no fënnef Joer nees e Studioalbum erausbruecht mam Titel "Jetzt".

  • D'Nicole Max am Kasemattentheater

    Iwwer engem Kaffi erzielt d'Schauspillerin iwwer hir Roll am Daniel Keene Stéck "Der Regen". An dat muer an e Samschdeg am Kasemattentheater.

  • Imperfektioun, Akzeptanz an Zäit

    Dem Sandro Perri seng nei Scheif "Soft Landing" stécht voller delikate Momenter.

  • Daniel Kehlmann - Der unsichtbare Drache

    En inspiréierend Gespréich tëschent dem Literaturwëssenschaftler a Lyriker Heinrich Detering an dem bekannten Auteur Daniel Kehlmann.
     

  • Fangerofdréck zu Lissabon

    Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Sandrine Ronvaux stellt zu Lissabon am Museu Nacional de História Natural e da Ciência hir Wierker aus.

  • D'Nuit des Musées

    D'Kulturministesch Sam Tanson zielt am Interview iwwer den ofwiesslungsräiche Programm vun dësem Kulturevenement.

  • Ongewinntes am Fussballstadion

    "For Forest" nennt de Schwäizer Kënschtler Klaus Littmann seng Installatioun am Wörthersee-Stadion zu Klagenfurt. Ëm wat geet et?
     

  • Nei Filmer

    De wëlle Weste made in Luxembourg, dem Joker seng Biographie, e franséische Politiker en "manque d'idées" an e Bild, dat heemlech gemoolt gëtt.

  • Filmkritik: Never Grow Old

    Déi Lëtzebuerger Co-Productioun vum iresche Realisateur Ivan Kavanaugh ass ee pechschwaarze Western virun Terres Rouges-Hannergrond.

  • Capitani - Krimiserie op der Tëlee

    Eng stëmmeg Krimiserie mat enger fléissender Erzielform, déi Hand an Hand mat enger gelongener Realisatioun geet. Den 1. Oktober leeft "Capitani" un.

  • Der Aude Legrand hir kuriéis Konscht

    An hirer Expo "C'est l'histoire d'un chat qui porte des souliers à minoux" presentéiert d'Aude Legrand Konscht mat enger ganz eegener Poesie.

  • Angela Aux an der Kierch zu Huelmes

    Den Owend erwaart an der Kierch zu Huelmes e Concert mat 4 Singer-Songwriter. Bartleby Delicate, C'est Karma, Frances of Delirium an ee Gaascht äus Bayern: de Florian Krier alias Angela Aux.

  • Les internés civils de la Première Guerre mondiale

    Während dem éischte Weltkrich si lëtzebuergesch Zivilisten am Ausland a Konzentratiounslager internéiert ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen