Mobil Revolutioun: Vum Festnetz bei 5G

94 Prozent vun de Lëtzebuerger hunn ee Smartphone. 2017 goufe weltwäit ronn 1,8 Milliarde portabel Telefone verkaf. D'Grenz vun dräi Milliarde Mobilfunk-Benotzer weltwäit soll an zwee bis dräi Joer iwwerschratt ginn. Net méi laang, da steet och nees eng nei Mobilfunk-Generatioun an d'Haus.

Lëtzebuerg wëllt bei der Exploitatioun vu 5G eng Virreiderroll spillen. De Claude Faber beliicht d'Entwécklung vum Mobilfunk, weltwäit an zu Lëtzebuerg a gëtt en Ausbléck op zukünfteg Technologien.

Genaratioun 5G

Vu Säiten vun der Lëtzebuerger Regierung heescht et, datt 5G an Zukunft ee kruziaalt Element vun der Lëtzebuerger Infrastruktur soll constituéieren, mat engem Potential, laangfristeg, sozioekonomesch Avantagen fir d'ganzt Land a seng Ekonomie ervirzebréngen. Deemno hält d'Regierung den Ament och un der Feuille de route fest, datt d'5G-Netz am Joer 2020 operationell soll sinn.

Rezent Emissiounen

  • Genaratioun 5G

    Fir d'Digitaliséierung vun der Gesellschaft, a besonnesch déi vun der Industrie kënne weiderzedreiwen, ass ee performant 5G-Netz sécherlech onëmgänglech.

  • Mobilfunk a Gesondheet?

    Bei Mobilfunk a Gesondheet denkt een direkt un déi eege Gesondheet. Déi vun de Leit, déi d'Rohstoffer ofbaue fir d'Handyen ze produzéiere gëtt gär vergiess.

  • Wéi gi Mobilfunknetzer geplangt an opgebaut?

    Iwwerall an zu all Zäit en Zougang zum Internet hu setzt eng Infrastruktur viraus, déi permanent a flächendeckend funktionéiert.

  • Eng rasant Entwécklung: D'Geschicht vum éischten Mobilfunknetz bis bei 4G

    Datt mir haut alleguer ee Smartphone hunn, hu mir praktesch engem briteschen Inventeur mam Numm David Edward Hughes ze verdanken.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen