Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Japan fir Ufänger - S wéi Sushi

Sushi-Bars, Sushi-Circle, Sushi aus dem Supermarché - keen asiatescht Iessen huet an de leschte Joren am Westen esou vill Succès gehat, wéi Sushi. Mee zoubereet gëtt et an eiser Géigend trotzdem miserabel, seet d'Angelika Thomé.

Rezent Emissiounen

  • "Eine unerwartete Wendung in der Geschichte!"

    Genee 30 Joer ass et hier, datt d'Mauer tëschent Ost a West Däitschland gefall ass. Mat dësem historesche Moment hätt deemools kee gerechent.

  • Web Summit zu Lissabon

    Op enger Technologie-Konferenz sinn Entrepreneuren, Investisseuren, Internet-Staren, mee och Politiker a Sportler openeegetraff.

  • Den Info-Zenter Demenz

    Informéieren, Orientéieren, Sensibiliséieren, Nolauschteren an Ënnerstëtzung

  • Déi 33. Studente-Foire

    An der Luxexpo um Kierchbierg stelle ronn 220 Exposanten aus 14 Länner verschidden Universitéiten a Carrièrë vir.

  • Mënschenhandel an der Aarbechtswelt

    D'Mënscherechtskommissioun denoncéiert an hirem zweete Rapport iwwer d'Traite des êtres humains e Manktem un Interventioun vu verschidden Servicer, ewéi d'Gewerbeinspektioun.

  • Den Info-Zenter Demenz invitéiert op e Ciné-débat

    Op der Affiche de 7.11.: "La Finale" (Robin Sykes, 2018)

  • "Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt"

    Zum Thema Landwirtschaft organiséiert d'Mierscher Kulturhaus dës Woch eng Ausstellung, e Public Forum an e Brunch.

  • Bouneweg: Stau a Verspéidungen am ëffentlechen Transport

    Wéinst dem Chantier vum Tram op der Gare ginn déi meescht RGTR-Bussen zanter dëser Woch iwwer Bouneweg ëmgeleet.

  • SUV an Diesel

    De Stroosseverkéier ass zu Lëtzebuerg dee Beräich, deen am meeschten zu den Emissioune vum Land bäidréit.

  • "D'Regioun erhalen a méi bekannt maachen"

    An enger Deklaratioun hunn Initiativen aus Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich festgehalen, mat der Muselregioun fir en Unesco-Label kandidéieren ze wëllen.

  • Komplementär Sozialwahlen

    An enger Rëtsch Betriber gëtt awer eréischt haut en neie Betribsrot gewielt.

  • De Kleesche geet an d'Formatioun

    D'Erwuessene Bildung proposéiert speziell Formatioune fir den Zinniklos.

     

  • D'Material ausprobéieren an d'Leit aschaffen

    Nach bis Mëtt November street d'Administration des Ponts et chaussées präventiv an de freie Moiesstonne fir sech op de Wanter virzebereeden.

  • "Et kënnt souwisou en Neien"

    Dat soen IS-Famillen an Nordost Syrien iwwer dem IS-Chef al Baghdadi säin Doud. Wéi gesinn d'Fraen am IS-Lager déi rezent politesch Evenementer an der Regioun?

  • "Schluss mat der Ökomoral!"

    Wéi kritt een Mënschen dozou, dat Richtegt ze maachen? Dat ass d'Fro, mat där sech den Ëmweltsfuerscher Dr. Michael Kopatz auserneesetzt. 

     

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Notizblock

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen