
Claude Conter a Martine Mathay
Zanter 1995 ass den 23. Abrëll den internationalen Dag vum Buch a vun den Autorerechter. Den 23. Abrëll gëllt als den offizielle Doudesdag vum William Shakespeare a Miguel Cervantes. "Mat alle Sënner liesen" ass dëst Joer de Motto vun dësen Deeg, wou sech op ville Plazen alles ëm d'Buch dréit. D'Valerija Berdi schwätzt mat der Martine Mathay vun der Nationalbibliothéik iwwer d'Bedeitung vun dësem Dag, iwwer divers Manifestatiounen a mam Claude Conter iwwer déi nei Editioun vum "Buch am Zuch".