Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Fräie Mikro zu Mosul

Wéi Mosul duerch d'IS-Terrororganisatioun besat war, huet dës Stad zu deene weltwäit geféierlechste Plaze fir Journaliste gegollt. Den IS huet Journaliste festgeholl, an den Exil gedriwwen, ëmbruecht. Informatioune vu bausse si kaum nach bis un d'Leit komm, de Besëtz vun engem Handy oder enger Satellitteschossel si streng bestrooft ginn. 

Haut wëlle Journalisten aus Mosul d'Mediewelt an der zweetgréisster Stad aus dem Irak erëm beliewen. D'Charlotte Bruneau war op Besuch bei der nach jonker Radiostatioun One FM.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen