Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit
Kultur


Placomusolux- Bourse Bartreng
Wësst Dir wat e Placomusophilen ass? Dat si Leit, déi mat ganz vill Passioun Kapsele vun de Schampes, Crémants oder soss Vins Petillants-Stëp sammelen. Am Centre Attert zu Batreng organiséiert d'ASBL Placomusolux de 27. an 28. Abrëll de ganzen Dag iwwer eng international Tausch-Bourse, wou sech Placomusophilen Rendez-vous ginn. Eng eenzegaarteg Méiglechkeet dës Passioun emol kennen ze léieren. Detailer mam Jean Claude Majerus.
Rezent Emissiounen
-
Nationale Literaturconcours - Präisiwwerrechung
Samuel Hamen, Olivia Katrandjan, Anja Di Bartolomeo an Antoine Pohu heeschen d'Gewënner déi dëst Joer ausgezeechent gi sinn.
-
Martyna Bunda - Das Glück der kalten Jahre
"Ein besonders kalter Winter, kurz vor Weihnachten. 1945. Die drei Schwestern gingen im Gleichschritt, Arm in Arm, ..."
-
Den Theater Tréier erkritt sech
No schwéieren Zäiten kënnt den Theater Tréier mat dem neien Intenant Manfred Langner nees op d'Been.
-
"Daba", Album vun der marrokkanescher Sängerin Oum
Hir Musek vereent d'Traditiounen aus dem Maghreb mat Aflëss aus westleche Kulturkreesser. D'Sängerin ass den 26 Februar 2020 an der Philharmonie.
-
Nei Filmer
Mat nëmme 4 neie Filmer kënne mer dës Woch éischter roueg ugoe loossen, mä mir mussen dofir net op Qualitéit verzichten.
-
Happy Birthday Dude
Den "Dude" am Big Lebowsky- eng Paraderoll fir den Jeff Bridges, deen a sengem 70jährege Liewen ganz divers Rolle gespillt huet.
-
De Luc Feit, Réalisateur vun De Butték, am Gespréich
De Schauspiller Luc Feit huet sech dat lescht Joer op de Regiestull gesat a mat De Butték säin éischte Langfilm réaliséiert.
-
Buchkritik: "Rhapsodie des oubliés" vum Sofia Aouine
Hiren autobiographesche Roman, deen déi Paräisser 100,7-Korrespondentin deelweis zu Lëtzebuerg geschriwwen huet, gouf mam Prix de Flore belount.
-
Filmkritik: The Irishman vum Martin Scorsese
De Niro. Pesci. Pacino. Zesummen an engem Scorsese Film. Op Netflix.
-
D'Musel an all hire Faarwe vum Nico Klopp
En huet Zeechecourse ginn, Kanéngercher geziicht, op der Réimecher Gemeng geschafft, fir ze iwwerliewen. Mee usech war den Nico Klopp Moler.
-
Adventskalenner - jo oder nee?
Hutt der een, oder wëllt der keen? Adventskalenner um Préifstand
-
Design "Am Gronn"
Mir stëllen en neie Creative Space vir.
-
Francofolies, e neie Musekfestival zu Esch
2020 ginn Francofolies Esch an der Minettemetropel organsiéiert. E Projet deen nëmmen kulturell a musikalesch, mä och ecoresponsabel ass.
-
60 Joer Sandmännchen
Bannent 1 Woch sinn am Hierscht 1959 "Unser Sandmännchen" an Ostdäitschland an d'"Sandmännchen" a Westdäitschland op Antenne gaangen.
-
"Word in Progress" an der Escher Kulturfabrik
Beim Cycle "WIP-Word in Progress" huet de Public an der Escher Kufa d'Méiglechkeet, Texter ze lauschteren, déi nach net publizéiert gi sinn.
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen