Invité am Moies-Magazin

Danielle Igniti

Offiziell ass d'Konschthistorikerin a Philologin Danielle Igniti zanter e puer Méint an der Pensioun. Mee dofir hänkt si awer net latzeg doheem virun der Tëlee. Déi Këscht kritt se eventuell nach manner ze gesi wéi virdrun. Si ass Curatrice fir d'Kënschtlerin Claudia Passeri, déi fir d'Rencontres de la photo zu Arles selektionéiert gouf. Doriwwer eraus ass si am Gaangen, d'Konschtkollektioun vun der Stad Diddeleng fit fir den Internet ze maachen. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Danielle Igniti.

Rezent Emissiounen

  • Marc Elvinger

    "I am a Rohingya" - iwwer d'Aarbecht vun der ONG Friendship Luxembourg zielt de President.

     

  • De Paul Scholer

    Den Direkter vun der UGDA-Museksschoul iwwer de 36. Concours luxembourgeois pour jeunes solistes dëse Sonndeg am Stater Conservatoire

  • Alex Reding

    Fir déi 5. Editioun vun der Luxembourg Art Week huet hiren Initiator, de Galerist Alex Reding, de Kultur- an de Konferenzeprogramm ausgebaut.

  • Frédéric Haupert

    Invité ass den Direkter vu CARE Lëtzebuerg. De Projet DayCARE steet am Mëttelpunkt vum Gespréich.

  • Melitta Schubert

    Zanter Oktober ass d'Juristin déi nei éisträichesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg.

  • Julia Georgi a Gil Kirchen

    eReUse vun der Caritas an d'Ëmweltberodung invitéieren op de Seminär: Digitalisatioun méi nohalteg gestalten.

  • Isabelle Medinger an Dany Frank

    D'Directrice vun der Sécurité Routière an d'Conseillère de Gouvernement adjointe vum Transport- a Mobilitéitsministère iwwer ë. a. d'Wichtegkeet am Stroosseverkéier gesinn ze ginn.

  • Ivna Zic

    Mat hirem  Roman "Die Nachkommende" ass déi kroato-schwäizer Schrëftstellerin op der Shortlëscht fir de Schwäizer Buchpräis.

  • Jim Schmitz

    Den 9. November ass Dag vum Bam - och zu Lëtzebuerg. Méi Detailer mam Vertrieder vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur.

  • Jean-Paul Reuter a Gery Oth

    1 sur 4.lu: 1 Persoun op 4 huet mat enger psychescher Krankheet ze doen. De President vun den Ateliers Thérapeutiques et Protégés an de Fotograf mat Detailer zur Campagne.

  • Conny Koob

    D'Chargée de communication vun de Naturparken Öewersauer, Our a Mëllerdall mat Detailer iwwer de Concours "Äre Projet (m)am Naturpark".

  • Pascal Kirsch (Pii NaamKeng)

    Den Thailand-Kenner erkläert seng Begeeschterung fir dat asiatescht Land, seng Leit a seng Sprooch, a firwat et kee Sënn huet, d'Mënschen do unzejäizen.
     

  • Ginette Kolinka

    Déi 94-järeg franséisch Jüddin huet d'Attrocitéiten an den Konzentratiounslagere vun den Nazien iwwerlieft a wëllt hir Geschicht besonnesch jonke Mënschen erzielen.

  • Emma Braslavsky

    "Wir haben die unglaubliche Gabe unseren Dämonen die größte Bühne zu geben ...". Déi renomméiert Berliner Schrëftstellerin am Gespréich.

  • D'Marlène Kreins impressionéiert den Impressionist Dominique Lang

    D'Marlène Kreins invitéiert am Kader vum 100. Doudesdag vum Diddelenger Moler Dominique Lang a véier verschidde Lang-Ausstellungen.

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen