Grousse Kino

Martine Reuter Michel Delage Tom Dockal Thierry Besseling

Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéiere freides déi nei Filmer. Aviséiert Kritiken, cocasse Zesummenhäng an och déi eng oder aner Anekdot: alles ass dran.

Superhelden, 4DX an de van Gogh

An de sechs neie Filmer vun dëser Kinoswoch ginn déi ënnerschiddlechst Themen opgegraff: Superhelden am Kampf géint de Mann mat der Händsch, e Bléck op d'Natur mat den Ae vum Vincent van Gogh, radikaliséiert Jonker, eng Coming-of-age Geschicht, Danzen als Bezéiungstherapie a Kommunikatiounsproblemer ënner Gesëschter. An dann och nach en neit Kinosgefill mat interaktive Fotellen.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen