Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Filmkritik: Avengers: Endgame vum Anthony & Joe Russo

Disney a Marvel Studios produzéieren zanter iwwer zéng Joer Superheldefilmer. Deenen enge sinn et der ze vill, anerer kënnen der net genuch kréien. "Avengers: Endgame" bréngt awer eventuell esou eppes wéi en Ofschloss - op d'mannst fir eng Zäitchen - an de Superheldebetriib. Den Tom Dockal huet sech an eng ausverkaafte Seance gedréckt kritt - de ganze Weekend war alles ausverkaaft - a versicht elo, de Film ouni ze vill ze verroden, ze bespriechen. Wien him net traut, sollt elo fir véier Minutten an ?? Sekonnen de Radio ausmaachen. Top Chrono.

Rezent Emissiounen

  • Nei Filmer

    Eng éischter roueg Kinoswoch mat véier Filmer, an deene bal nëmmen exklusiv Fraen am Mëttelpunkt vun de Geschichte stinn.

  • Méi wéi just eng Bibliothéik

    Virun engem Joer huet de Luxembourg Learning Center um Campus Belval seng Dieren opgemaach. Zäit fir de Bilan ze zéien.
     

  • Filmkritik: Only you

    De Bezéiungsdrama, mam Schauspillerduo Laia Costa a Josh O'Connor, ass den Debutfilm vun der britescher Realisatrice Harry Wootliff.

  • Brel revu

    Den Album "Ces Gens-Là" proposéiert 13 Nei-Interpretatioune vum Jacques Brel - e schwéieren Exercice bei esou engem grousse Numm.

  • Noruff op de Peter Fonda

    Den zweeten a leschten Easy Rider ass gestuerwen.

  • Rebellion Festival Blackpool: Punk lieft

    De Schrëftsteller Guy Helminger war zu Blackpool, um Rebellion Festival, deem wuel gréisste Punktreffen an Europa.

  • Esch 2022 - weider Projete si wëllkomm

    Nach bis den 31. Dezember 2019  kënne Propose fir Projete fir d'Kulturjoer 2022 agereecht ginn.

  • Woodstock-Festival, am August 1969 gouf Museksgeschicht geschriwwen

    Viru 50 Joer gouf de legendäre Festival organiséiert. Den Héichpunkt vum Hippie-Mouvement, dräi friddlech Deeg voll Drogen, Musek a Chaos.

  • Nei Filmer

    Hollywood 1969 esou wéi den Tarantino et gesäit, d'Sich nom Inka Gold mat engem jonke Meedchen an e japaneschen Anime mat vill Feier.

  • Filmkritik: Once upon a time... in Hollywood

    De Quentin Tarantino huet mat sengem néngte Film ee ganz perséinlechen Hommage un den Hollywood vun 1969 realiséiert. De Michel Delage war e kucken.

  • How to do Nothing

    Der Jenny Odell hiert Buch "How to do Nothing - - Resisting the Attention Economy" weist dem Lecteur nei Aart a Weisen op, der Welt ze begéinen.

  • Op de Spure vum Superjhemp - Deel 4

    Am véierte Sall vun der Expo kucke mir eis d'Entwécklung vun de Superjhemp-Geschichten un.

  • Varda par Agnès vun der Agnès Varda

    D'Agnès Varda huet dat lescht Wuert. Och no hirem Doud.

  • De Papp vun der elektrescher Gittar

    Ouni de Museker, Gittarist an Techniker Les Paul géif et hëschtwahrscheinlech d'elektresch Gittar,wéi mir se haut kennen, net ginn.

  • Eng däischter Ikon vun der Pop-Kultur

    Viru 50 Joer huet de Psychopath a Sekteleader Charles Manson de Membere vun senger Manson-Family den Uerder ginn, Mënschen dout ze maachen.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen