Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.
Aktuelles

D'Plaz vun Europa an enger multipolarer Welt
D'Annexioun vun der Krim duerch Russland 2014, europäesche Sträit an der Flüchtlingsproblematik zanter 2015, Brexit-Referendum a Wahl vum US-President Donald Trump 2016 ... déi multilateral Welt, an déi sech d'Aussepolitik vun der Europäescher Unioun abett, huet an de vergaangene fënnef Joer fundamental geännert. E Bilan iwwer déi europäesch Aussepolitik. D'Mick Entringer huet sech mat den zwee Politikwëssenschaftler Ulrich Kühn an Nicolai von Ondarza ënnerhalen.
Rezent Emissiounen
-
Déi 73. IFALPA-Konferenz muer zu Lëtzebuerg
500 Delegéierter vun der International Federation of Airline Pilots Associations treffe sech am European Convention Center um Kierchbierg.
-
D'Missioun an d'Aarbecht vu MSF zu Mossul
Médecins Sans Frontières schafft zu Mossul am Irak ënner extrem schwéiere Konditiounen.
-
Lëtzebuerg op der Internationale Tourismus-Börse Berlin
Och déi Kéier a wéi all déi Jore virdrun war Lëtzebuerg mat engem grousse Stand zu Berlin vertrueden.
-
Daddy, help! Eng Campagne net nëmme fir Pappen an Duechteren
D'Asbl. The Network lancéiert um Internationale Fraendag eng Campagne, déi op sozial Inegalitéiten tëscht Fraen a Männer wëllt hiweisen.
-
Den INDR feiert zéngten Anniversaire
Den Institut national pour le Développement durable et la Responsabilité des entreprises bitt Léisungsvirschléi fir d'Entreprisen.
-
Ee bessere Mobilitéitsmanagement: ACL an uni.lu schaffen zesummen
Trainingseminäre mam Zil, Mobilitéitsmanager ze forméieren.
-
HIV-Autotester a wat een driwwer wësse sollt
Iwwert esou Tester, iwwert déi richteg Applikatioun, iwwert méiglech Feelinterpretatiounen an iwwer d'Fiabilitéit.
-
40 Joer Tricentenaire
Eng Asbl mat der Zilsetzung, Mënsche mat enger Behënnerung z'ënnerstëtzen an ze begleeden.
-
Rare Disease Day 2018
Haut, um 28. Februar, ass d'Journée Internationale des Maladies rares. Zu Lëtzebuerg si ronn 30.000 Mënsche vun esou enger Krankheet betraff.
-
De Mëllerdall soll esou wäit wéi méiglech klimaneutral ginn
Déi eelef Gemengen aus dem Naturpark Mëllerdall sinn Deel vum Projet Zenapa (Zero Emission Nature Protection Areas).
-
D'LVI organiséiert Seminären a Course fir méi Sécherheet um Vëlo
Ass Äre Vëlo prett fir déi nächst Saison, a spiert Dir Iech sécher genuch, fir nees drop ze klammen? D'Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ hëlleft mat Coursen a Seminären.
-
D'Konventioun Hôpitaux Robert Schuman a Réseau HELP
Eng nach besser Zesummenaarbecht, ënnert anerem am Beräich vun der Formatioun continue
-
Haut ass den International Tourist Guide Day 2018
... an deen Dag ass och zu a fir Lëtzebuerg wichteg. Den Tourismus gehéiert zënter laangem zu Lëtzebuerg an ass längst ee wichtegt ekonomescht Standbeen.
-
En neie Cybermobbing Guide vu BEE SECURE an der Police
Wat huet een als rechtlech Méiglechkeeten, fir sech géint Cybermobbing ze wieren? A wat fir eng Ulafplaze ginn et, déi engem psychologesch Hëllef kënnen ubidden?
-
Gutt Beispiller aus Lëtzebuerger Gemengen - Neie Mouvéco-Projet
De Mouvement Écologique lancéiert en neien Internetsite mat gudde Beispiller aus Lëtzebuerger Gemengen - Aktiv um Wee zu enger nohalteger Entwécklung.
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen