Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Kee Wahlkampfofkommes bei den Europawahlen

Zanter ronn enger Woch gesäit een op de Stroosse Plakater, mat deenen d'politesch Parteien op sech opmierksam wëlle maache fir d'Europawahlen. Anescht wéi soss bei Wahlen hei am Land, gëtt et dëst Joer tëschent de Parteie keen Ofkommes, dat de Wahlkampf reegele soll. An der Vergaangenheet goufen an sou Ofkommesse gewësse Fairness-Reegele festgeluecht, an et goufe sech Limitte gesat, wat d'Zuel vun de Plakater an d'Ausgaben allgemeng ugeet. Dozou Hannergrënn vum Stephan Polet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen