Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

Cannonball Adderley

Beschtens bekannt ass den Julian "Cannonball" Adderley als Sideman vum Miles Davis, ënner anerem op der historescher Plack "Kind of Blue" aus dem Joer 1959. Direkt dono forméiert hien awer och eng eege Band mat sengem Brudder mat op der Trompett, dem Bobby Timmons um Piano, dem Louis Hayes op der Batterie an dem Sam Jones um Kontrabass. Spéider wäert och de Joe Zawinul Deel vun dëser Band sinn, déi eng Musek spillt, déi zimlech back-to-the-roots ass an déi ee kéint treffend als Soul Jazz bezeechnen. De Pol Belardi a Pit Dahm presentéieren zwou Live-Opnamen aus de Joren 1959 an 1962.

Rezent Emissiounen

  • Joel Ross - Kingmaker

    Et gëtt en neie Stär um Vibraphon-Himmel an deen huet säin Debut-Album um illustere Label Blue Note erausbruecht. 

  • Kneebody

    Kneebody, eng Band déi mat hirem Mix aus Elektronik, Jazz a Groove haut an der Zeen eng wichteg Roll spillt.

  • Lage Lund

    Den neien Album vum Gittarist Lage Lund: "Terrible Animals"

  • Tigran

    Museker, déi innovativ e Stil prägen, si rar. De Tigran Hamasyan zielt awer zu dësen dozou. Dräi vum Pianist sengen Albume gi presentéiert.

  • The (Jazz) Crusaders - Those Southern Knights

    D'Crusaders sinn eng groovy Band ronderëm de Keyboarder Joe Sample, déi de Funk a Soul Sound vun den 1970er mat definéiert hunn.

  • Ben Wendel - The Seasons

    En Disk mat 12 Kompositiounen, déi de Ben Wendel fir Museker geschriwwen huet, déi hien inspiréieren.

  • Taylor McFerrin

    De Jong vum Bobby ass selwer och Museker, dee seng eege Richtung fonnt huet an dat mat engem Interessante Mix vun Elektronik an Akustik. 

  • Cannonball Adderley

    Den Julian "Cannonball" Adderley ass méi wéi nëmmen den Altsaxofonist, dee mam M. Davis gespillt huet. Entdeckt Live-Matschnëtter vu senger Band am Quintett a Sextett.

  • Austin Peralta

    En iwweraus villverspriechenden Jazzpianist, deen eis 2012 am zaarten Alter vun 22 Joer verlooss huet.

  • Piano Trio - Swing mat Bluescharakter

    E Format dat nieft der traditioneller Jazz-Harmonie a Melodik eng gutt Partie Blues-Langage benotzt.

  • Art Blakey

    Art Blakey and the Jazz Messengers, eng Band, déi iwwer Joerzéngten ëmmer erëm nei Albumen erausbruecht huet, déi bis haut begeeschteren.

  • Blue

    Vu de "Blue Notes" bis Kind of Blue...d'Faarw Blo zitt sech queesch duerch d'Jazzgeschicht!

  • Hammond

    D'Hammond Uergel spillt a ville Stiler eng wichteg Roll. Dir héiert Musek vun ënner anerem dem Jimmy Smith an dem Rhoda Scott.

  • Blues-Form

    De Blues beschreift net nëmmen eng Stilrichtung, mee och eng meeschtens 12-taktesch Form, déi et an all hiren Zoustänn och queesch duerch d'Jazzgeschicht gëtt.

  • Israel, musikalesch am Fokus

    E Land dat kulturell a musikalesch immens vill ze bidden huet, wéi zum Beispill déi dräi Musiker Shai Maestro, Yaniv Nachum a Gilad Hekselman.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen