Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Konschtsammlung vun der Stad Diddeleng

D'Diddelenger Konschtgalerien Nei Liicht an Dominique Lang sinn als Sprangbriet fir jonk national an international Talenter geduecht. Geklappt huet dat op Lëtzebuerger Säit zum Beispill beim Marco Godinho oder der Claudia Passeri. D'Artisten hunn do awer net just ausgestallt, d'Gemeng huet meeschtens och eng Aarbecht kaf, esou datt am Laf vun de Joren eng 400 Wierker staark Kollektioun entstanen ass. Vum 4. Mee u gëtt déi mat der Expo Coups d'oeil a béide Galerien en Valeur gesat. Explikatioune vum Kerstin Thalau.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen