Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Konschtsammlung vun der Stad Diddeleng

D'Diddelenger Konschtgalerien Nei Liicht an Dominique Lang sinn als Sprangbriet fir jonk national an international Talenter geduecht. Geklappt huet dat op Lëtzebuerger Säit zum Beispill beim Marco Godinho oder der Claudia Passeri. D'Artisten hunn do awer net just ausgestallt, d'Gemeng huet meeschtens och eng Aarbecht kaf, esou datt am Laf vun de Joren eng 400 Wierker staark Kollektioun entstanen ass. Vum 4. Mee u gëtt déi mat der Expo Coups d'oeil a béide Galerien en Valeur gesat. Explikatioune vum Kerstin Thalau.

Rezent Emissiounen

  • Filmkritik: Brightburn vum David Yarovesky

    Den Damien aus dem Omen trëfft op de Clark Kent alias Superman. Eng déidlech Mëschung.

  • D'Arvida Byström an den digitale Feminismus

    D'Faarf Rosa spillt eng wichteg Roll op der Arvida Byström hire Fotoe, steet awer net fir häerzeg, mee fir eng selbstbewosst Weiblechkeet.

  • D'Sea Dream Avenue zu Nidderaanven

    An den 1920er Joren ass ronderëm de kalifornesche Salton Sea den "American dream" wouer ginn; haut existéiert just nach d'Sea Dream Avenue.

  • Ouni Kapp awer net ouni Geescht: Bodyfiction(s) am MNHA

    Kënschtleresch Duerstellunge vum Kierper sinn et an der Konscht zu all Zäit ginn; eng jonk Fotografegeneratioun sicht haut no neie Formen.

  • Anima vum Paul Thomas Anderson

    Kuerzfilm oder Musekvideo? Den Thom Yorke kanaliséiert mat Hëllef vum PTA säin Inner-Charlie-Chaplin.

  • "Il fait froid" am Walfer CAW

    Zu Walfer dialogéieren an der Gemengegalerie d'Wierker vun de Kënschtler Morgane Britscher, Ben Heyart, Katarzyna Kot-Bach an Neckel Scholtus ganz "natierlech".

  • Cluttered Clarity sichen de Wee vum Jazz an de Pop

    Déi nei Single "Save It All" verbënnt Pop-Songwriting mat Improvisatioun an elektroneschen Tonalitéiten.

  • Klasséierung vu Patrimoine an Traditioun

    Wien decidéiert wat klasséiert gëtt? Wie befënnt, datt d'Sprangprëssessioun Weltkulturierwe genannt gëtt? Den World Heritage Committee vun der UNESCO.

  • Aweiung vum Ankaa Center zu Athen

    De Center gouf den 19. Juni 2019 ageweit. Déi Lëtzebuerger Asbl wëllt de Flüchtlingen, Refugiéë mat Formatiounen hëllefen spéider eng Aarbecht ze fannen.

  • Nei Filmer

    Spillsaachen, d'Musek vun de Beatles, de Fall Weinstein, Gewalt géint Fraen an Indien an en aussergewéinleche Frigo.

  • Congés annulés 2019

    D'Geleeënheet, de ganzen August an de Rotondë gutt Musek ze genéissen.

  • Femme avec tête(s)

    Déi franséisch Kënschtlerin ORLAN setzt hire Kierper als matière première fir hir Konscht an. Si huet hir Praxis "Carnal Art" gedeeft.

  • Michael Jackson, eng tragesch Figur

    De 25 Juni 2009, virun zéng Joer ass de King of Pop Michael Jackson am Alter vu 50 Joer un enger Iwwerdosis Narkosemëttel gestuerwen.

  • Stephane G Roussel weist "Opéra Monde" am Pompidou Metz

    Fir de Musikolog a Metteur-en-Scène Stéphane Roussel steet d'Oper net just fir Coden, mee och fir Fräiheet. Seng nei Expo soll dat kloer maachen.

  • D'Konscht, sech an engem Labyrinth net ze veriren

    "Beame" geet am Film an Null Komma näischt. E Kënschtlerduo brauch fir "Slow Teleport", queesch duerch de Labyrinth um Kierchbierg, zwou Wochen.

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen