Invité am Moies-Magazin

Feridun Zaimoglu

De Mann mam feministesche Manifest, "Die Geschichte der Frau" ass dem Feridun Zaimoglu säi leschte Roman. Hei léisst den däitschen Auteur mat tierkeschen Originnen zéng Fraen zu Wuert kommen, déi am Laf vun der Geschicht wuel hir Fra gestanen, net awer gehéiert goufen. Vum Moses senger Fra Zippora iwwer d'Jüngerin Jesu Judith, Fabrikantenduechter Lisette Bielstein bis bei d'Warhol-Attentäterin Valerie Solanas - mat Wuertgewalt an aussergewéinlechem Bléckwénkel gëtt den Zaimoglu Fraen eng Stëmm a geheit Froen op.

Haut den Owend um siwen Auer liest de Feridun Zaimoglu aus "Die Geschichte der Frau" am Institut Pierre Werner am Gronn a schwätzt doriwwer mam Nathalie Bender.

Rezent Emissiounen

  • Richard Legay

    Mee 68 - do denkt een automatesch u Paräis. Ass dat gerechtfäerdegt? De Richard Legay iwwer Mee 68 zu Lëtzebuerg.

  • Mechthild Neyses-Eiden

    D'Wëssenschaftlerin erkläert Dendrochronologie, eng Datéierungsmethode fir den Alter vun engem Bam kennen z'erfaassen. 

  • Mohamed Siam

    Ouni Kompromëss, keng erfëllten Dreem. De Realisateur vun "Amal" schwätzt iwwert d'Revolutioun an Ägypten an d'Dreem vun enger Generatioun.  

  • Kristel Pairoux

    Am Kader vum Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté gëtt Literatur aus aller Welt um Salon du livre presentéiert.

  • Raoul Biltgen

    Krimiromaner a Kuerzgeschichten, Theaterstécker a Gedichter. Hien ass net just Schrëftsteller, mä och Schauspiller. E facettëräiche Personnage ass eisen Invité.

  • Jeanne Glesener

    D'Uni Lëtzebuerg organiséiert eng Virliesungsrei ënnert dem Titel "Kulturgeschicht Lëtzebuerg", déi och dem Grand Public zougänglech ass.

  • Govinda Van Maele

    Dem Realisateur säi Film "Gutland" ass u senger Kandheetsfaszinatioun inspiréiert: Bauer ginn. De Realisateur schwätzt iwwert d'Bauereliewen, d'Fräiheet an d'Sexualitéit.

  • Wien a wat gouf nominéiert fir den Oscar?

    Nominéiert sinn, bedeit scho vill, awer den Oscar mat Heem huelen ass déi gréissten Auszeechnung am Film.

  • D'Lauren Greenfield am Interview

    D'Fotografin a Regisseurin schwätzt iwwert hiren neie Film "Generation Wealth".

  • Shlomit Butbul am Land fir zwee Eventer

    D'Sängerin a Schauspillerin, déi laang zu Lëtzebuerg gelieft huet, schwätzt iwwert hir zwee Projeten am CAPE an Trifolion.

  • Invité am Moies-Magazin Alexis Juncosa

    den Alexis Juncosa, artistëschen Direkter vum LuxFilmFest

  • Berlinale 2018

    Berlin steet mat der Berlinale ganz am Zeeche vum internationale Film. D'Sarah Pepin suivéiert den internationale Filmfestival fir de radio 100,7.

  • D'Claire Thill an de Blackout

    "Blackout" ass déi neist Kreatioun vum Theaterkollektiv ILL iwwerschriwwen. Thema: wat fir eng Muecht huet d'Wieder iwwert de Mënsch?

  • Sabrina Collé, Chargée de Direction Hörgeschädigten Beratung ASBL

    "BABEL, ein Wort, ein Zeichen" ass e Projet fir Mënschen, déi um Gehéier geschiedegt oder daf sinn, d'Ouverture zur Kultur z'erliichteren.

  • Jean-Paul Beck, President vum Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht

    Beie si mat déi wichtegst Liewewiesen: Si bestäube Planzen, déi eis dann erëm mat Sauerstoff an Iesse versuergen. Wéi geet et de Beien?

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen