Invité am Moies-Magazin

Feridun Zaimoglu

De Mann mam feministesche Manifest, "Die Geschichte der Frau" ass dem Feridun Zaimoglu säi leschte Roman. Hei léisst den däitschen Auteur mat tierkeschen Originnen zéng Fraen zu Wuert kommen, déi am Laf vun der Geschicht wuel hir Fra gestanen, net awer gehéiert goufen. Vum Moses senger Fra Zippora iwwer d'Jüngerin Jesu Judith, Fabrikantenduechter Lisette Bielstein bis bei d'Warhol-Attentäterin Valerie Solanas - mat Wuertgewalt an aussergewéinlechem Bléckwénkel gëtt den Zaimoglu Fraen eng Stëmm a geheit Froen op.

Haut den Owend um siwen Auer liest de Feridun Zaimoglu aus "Die Geschichte der Frau" am Institut Pierre Werner am Gronn a schwätzt doriwwer mam Nathalie Bender.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen