Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Fëschbech, d'Residenz vum Grand-Duc Jean

De leschten Donneschdeg gouf e Rousekranz fir de Grand-Duc Jean an der Fëschbecher Kierch deposéiert. E Brauch, dee bei all Bierger vu Fëschbech praktizéiert gëtt. Mëtt Mee soll dann eng speziell Zeremonie fir de verstuerwene Staatsmann an der Fëschbecher Kierch ofgehale ginn. De Maurice Antony huet sech mam aktuelle Buergermeeschter Frank Daems ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

  • Luxair Resultater 2017

    D'Luxair huet 2017 mat engem Nettobenefice vun 9,5 Milliounen Euro ofgeschloss, verdankt dat Resultat awer net der Airline, mee Luxair Tours an dem Cargo Center.

  • We are a welcoming Europe

    Lancement zu Lëtzebuerg vun der europäescher Biergerinitiativ an Zesummenaarbecht mat ënner anerem der ASTI an 12 weideren Associatiounen.

  • Hommage un ee Spëtzekandidat

    De fréiere Journalist Romain Meyer huet eng onkritesch, mee trotzdeem liesenswäert Biographie vum François Bausch geschriwwen.

  • Konkret Projete fir méi Naturschutz

    De Sicona Zentrum a Westen hunn zesumme mam Nohaltegkeetsministère eng Rei konkret Moossname fir méi Naturschutz virgestallt am Kader vum zweeten nationalen Naturschutzplang.

  • Lëtzebuergesch Schreifweis vun den Uertsnimm

    De Conseil permanent de la langue luxembourgeoise huet festgeluecht, wéi d'Nimm vun den Uertschaften a Lieu-diten op lëtzebuergesch geschriwwe ginn.

  • D'Assemblée Générale vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen

    2017 war een absolut Rekordjoer, nach ni virdru goufen et esou vill Iwwernuechtungen an de Jugendherbergen uechter d'Land.

  • Cybersecurity-Strategie fir Lëtzebuerg

    D'Geforen an d'Attacken, déi vum Internet ausginn, huelen zou. Lëtzebuerg kritt vun 2018 un eng Cybersecurity-Strategie, fir op dës Defien ze reagéieren.

  • Säbelgerassel bei de Piraten

    Um Landeskongress vun der Piratepartei goufe Konflikter oppen ausgedroen.

  • Meng Loft

    Eng App, vum Ëmweltministère zesummen mat Meteolux entwéckelt, mat där ee vu sengem Smartphone aus kucke kann, wéi d'Loftqualitéit bei sech ass.

  • Energiebierger, déi nei Plattform vu Greenpeace Lëtzebuerg

    Déi nei Plattform fir BiergerInnen, Cooperativen a Fachbetriber fir ee besseren Ausbau vun den erneierbaren Energien zesummebréngen.

  • 50 Joer Fondatioun APEMH

    Am Joer 1967 hu betraffen Elteren d'Fondatioun APEMH (Association des Parents d'Enfants Mentalement Handicapés) gegrënnt.

  • Parlamentswahlen am Libanon

    Vun haut u steet de Libanon am Stëllstand. Et ass fir d'éischt zanter 2009, datt an dëser arabescher Republik Parlamentswahlen organiséiert ginn.

  • D'Bëschhong ass zu Lëtzebuerg esou gutt wéi verschwonnen

    Tetrastes bonasia, dat scheit Déier, dat zu den Héngerviggel gehéiert, huet soss virun allem am Norde vum Land, am Kiischpelt an an der Géigend vum Stau gelieft.

  • Atom-Accord mam Iran: Wie wëllt wat?

    Den US-President wëllt säi Land aus engem Accord zeréckzéien, deen 2015 als groussen Duerchbroch ugesi gouf. Wat sinn d'Motivatioune vun den Haaptacteuren an där Fro?

  • De Lëtzebuerger Sport an déi nei EU-Dateschutz-Reglementatioun

    Wat kënnt am Kontext vun der neier EU-Dateschutz-Reglementatioun, déi de 25. Mee a Kraaft trëtt, op de Lëtzebuerger Sport duer?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen