Wäiss a Schwaarz

Pianiste schwätzen iwwer Kompositiounen, loossen an d'Banneliewe vun hirem Repertoire blécken: an der Emissioun Wäiss a Schwaarz gi mir der Pianosliteratur op de Fong a kucke mat Tounbeispiller op d'Architektur vun dëser Musek. All Mount ass e Pianist um Studiospiano vum radio 100,7 ze héieren.

De Jean Muller um 100,7-Fligel

Mozart mam Jean Muller

De Wolfgang Amadeus Mozart hëlt mat senger Fantasie an Do Mineur Referenz op en anere grousse Komponist: De Johann Sebastian Bach. De Jean Muller spillt dem Mozart säi Wierk um 100,7-Fligel an, deckt mat Tounbeispiller d'Referenzen zum Barockkomponist op a gëtt en déiwen Abléck an dem Mozart seng Fantasie.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen