Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Europa: D'Highlighten am Europaparlament

Héichpunkte vu senger parlamentarescher Aarbecht am Europaparlament ware fir de belschen Europadeputéierte Pascal Arimont vu Sankt Vith säi Rapport iwwer den Interreg-Programm fir d'Promotioun vun de Grenzregiounen. Do dernieft war et d'Ouverture fir den Online-Shopping ouni Grenzen. Par konter existéiert nach ëmmer de Geoblocking fir minoritär Sproochcommunautéiten.

Rezent Emissiounen

  • Rumänien: Wann déi europäesch Fräiheet bedrohlech gëtt ...

    A Rumänien ass d'Populatioun zum Beispill staark zeréckgaangen, zanter d'Land der EU bäigetratt ass. Wéi geet dat osteuropäescht Land domat ëm?

  • D'Belsch: sou no an dach esou friem

    De 26. Mee wielen d'Belsch net just hir Europadeputéiert, mee och en neit nationaalt Parlament. Wat sinn d'Enjeue vun de Wahlen an d'Optioune fir d'Regierungsbildung duerno?

  • Europa: Déngschtleeschtung ouni Grenzen

    Europa wiisst ëmmer méi zesummen, och den europäesche Bannemaart.

  • Am Asaz fir Europa

    Ëmmer méi jonk Leit engagéiere sech fräiwëlleg oder am Kader vun engem Stage fir europäesch Solidaritéits-Projeten.

  • Portugal: Wirtschaftswonner op wackelege Been

    Portugal gëllt als neit europäescht Wirtschaftswonner. D'Land schéngt sech vun der Finanzkris ze erhuelen. D'Realitéit um Terrain ass méi nuancéiert.

  • Europa: D'Highlighten am Europaparlament

    Wat waren d'Héichpunkte vun der parlamentarescher Aarbecht vum Europaparlament aus der Siicht vun engem Deputéierten aus der Ostbelsch? 

  • Japan - Eng nei Ära

    De Keeser Akihito dankt of, säi Bouf gëtt den 126. Tenno, mee d'Situatioun am Keeserhaus ass schwiereg, et feelt u männlechem Nowuess.

  • Vu Räis bis Räispabeier

    Villes wat mir hunn oder am Alldag benotzen, kënnt aus Japan, eng kleng Lëscht seet eis genee, ëm wat et geet.

  • De Japonisme

    Grouss a bedeitend Moler wéi Monet, Degas oder van Gogh ware begeeschtert vu japaneschen Estampen an dëst weist sech och an hire Wierker.

  • Japan - Eng grouss Kultur mat groussen Traditiounen

    Fir de ekonomesche Boom a Japan an den 60er a 70er ze erklären an ze verstoen, muss een bis an d'19 Joerhonnert zeréckkucken.

  • Digital Subkulturen

    Vum Darknet iwwer d'Hacker bis Social Media - Subkulturen am digitale Raum bestëmmen ëmmer méi d'Realitéit.

  • Subkulturen: Gedreemte Welten

    Manga a Comic, Science Fiction a Fantasy. D'Bandes dessinées hunn hei am Land nach ëmmer de Status vun enger Subkultur.

  • Musikalesch Subkulturen: Mod - déi britesch Jugend Enn de 50er

    Hand geschneidert Kostümer, Vespaen a modernen Jazz

  • Subkulturen: En universitäre Mikrokosmos

    D'ACEL, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studente vertrëtt d'Intressie vu 40 Studentecercelen uechter Europa an an den USA.

  • Subkulturen: Nohalteg an d'Zukunft

    Nach ass den Up-Cycling ee subkulturelle Phenomen.  De Projet vum BeNu-Village wëllt hei de breede Public sensibiliséieren.
     

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Noriichten

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen