Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Erënnerunge vum Guy De Muyser un de Grand-Duc Jean

De Guy De Muyser huet a senger Funktioun als Kabinettchef a Maréchal de la Cour de Grand-Duc Jean als Staatschef an als Mënsch kennegeléiert. Eng Zesummenaarbecht, déi iwwer Jore mat vill géigesäitegem Respekt a Bewonnerung geklappt huet. De Guy De Muyser erzielt a wéi engem Ament hien de Grand-Duc Jean kennegeléiert, a wéi een Androck de verstuerwene Staatschef bei him hannerlooss huet.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen