Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Big Thief - U.F.O.F.

Bei engem Titel wéi "Unknown Flying Object Friend" fäert ee scho mat iergendwellecher Weltraum-Esoterik konfrontéiert ze ginn. Mee wann ee mat Big Thief scho vertraut ass, da verschwannen esou Viruerteeler zimlech séier. Eréischt virun dräi Joer huet déi amerikanesch Formatioun hir éischt Plack "Masterpiece" erausbruecht. Mee Big Thief gëtt den Androck vun enger vill méi etabléierter Band. An nach ni hu si esou labber a locker geklongen, wéi elo op hirem neien Disk. Presentéiert vum Jamie Reinert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen