Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Wéi een Jazz lauschters du?

Ob beim konzentréierten Nolauschteren oder als Hannergrondmusek, déi meescht Leit lauschtere mol méi mol manner bewosst Jazzmusek mat all hiren Derivéen. De Pit an de Pol invitéiere Mënsche mat verschiddenste Backgrounde fir hinnen e bëssen iwwer hir Gewunnechten op den Zant ze fillen an iwwer Jazz am grousse Ganzen ze diskutéieren. Si approchéieren sou munch Froen, déi sech vill Leit stellen: Vun "Ass dat do iwwerhaapt nach Jazz?" bis "Wat ass Jazz iwwerhaapt"? Den Ufank maachen zwee motivéiert 100,7 Mataarbechter. Vollgepaakt mat ausgewielter Musek an interessante Background-Infos.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen