D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.
Blue Note

Wéi een Jazz lauschters du?
Ob beim konzentréierten Nolauschteren oder als Hannergrondmusek, déi meescht Leit lauschtere mol méi mol manner bewosst Jazzmusek mat all hiren Derivéen. De Pit an de Pol invitéiere Mënsche mat verschiddenste Backgrounde fir hinnen e bëssen iwwer hir Gewunnechten op den Zant ze fillen an iwwer Jazz am grousse Ganzen ze diskutéieren. Si approchéieren sou munch Froen, déi sech vill Leit stellen: Vun "Ass dat do iwwerhaapt nach Jazz?" bis "Wat ass Jazz iwwerhaapt"? Den Ufank maachen zwee motivéiert 100,7 Mataarbechter. Vollgepaakt mat ausgewielter Musek an interessante Background-Infos.
Rezent Emissiounen
-
Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg
An deenen nächsten Deeg sinn eng Partie Concerten am Land programméiert.
-
Aktualitéit
Et versprécht eng gutt Saison ze gi mat ville bekannten Acts aus der ganzer Welt, dorënner de Brad Mehldau oder och nach de Cinematic Orchestra.
-
Festival EchterLive
Aus dem Iechternacher Festival gëtt de Festival EchterLive, mat populärem Jazz, World, Pop, Funk an anere Museksrichtungen.
-
Benoit Martiny
De Batteur presentéiert den zweete März säin neie Projet an der Philharmonie.
-
Reggie Washington 4tet an de jonken Eric Junker
"Gateway Suite", nei CD-Release zu Diddeleng an de Projet "Voyage" vum Daniel Herskedal
-
Pit a Pol - The Return
Eng ganzer Stonn feinsten, erfrëschendsten an opreegentsten Jazz ... oder? Ass dat do iwwerhaapt nach Jazz? Fannt et eraus!
-
Lost in Translation - CD Release
De Michel Meis 4tet feiert d'Release vun hirer éischter CD. De Criss Cross Europe Projet. Di nei CD vum Jeff Ballard.
-
Kulturzenter OpderSchmelz bléckt an d'Zukunft
Kontinuitéit ass ugesot zu Diddeleng am Kulturzenter, mat engem méi groussen Accent op Publicitéit.
-
RESET an de Sigurdur Flosason Delux Project
De RESET Festival am Neimënster ass dës Woch. De 24.1.2019 ass d'Release vun der Sigurdur Flosason Project CD.
-
Jazz am Neimënster am Januar 2019
RESET-Projet an d'Apéro-Jazz Concerten am Gronn. Den neien Opus vum Christian McBride heescht "New Jawn".
-
Réckbléck op Lëtzebuerger Albumen am Joer 2018
Wat koum Alles 2018 als Lëtzebuerger Jazz-Produktiounen eraus?
-
Big Band / Cinéphonie Noir & More
D'Big Band vun der Militärmusek wiesselt den Dirigent. "Cinéphonic Noir" ass eng Jazzsinfonie, déi op Disk erauskoum, an den Jazzagenda
-
Zwou Sängerinnen an e Bassist am Gespréich
D'Claire Parsons an d'Sängerin Anna Leman
-
E. J. Strickland & New releases
Neien Disk vum EJ Strickland 5tet. Promo-CD vum Pol Belardi. Nei CD-Release vum Ben van Gelder an de Metropole Orkest.
-
Jérôme Klein: KLEIN
Dem Pianist a Perkussionist Jérôme Klein säi rezentste Projet. Den Duo Dyas am Neimënster. Deen drëtte Studioalbum vum Gittarist Ant Law "Life I know".
Programm
-
Notturno
-
On air
Samschdes-Magazin
-
Noriichten
-
Grousse Kino
-
Panorama
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen