Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

Wilco ass 1994 aus der schonns bekannter Alternative Country Formatioun Uncle Tupelo entsprongen. Och op hirer drëtter Plack, "Summerteeth" Anno 1999, feelt de Pedal Steel natierlech net. Mee ee Mellotron réckelt d'Wilco Musek séier a méi psychedelesch a poppeg Sphären. "She's a Jar", e Song vum Frontmann Jeff Tweedy iwwer d'Schwieregkeet, de Beruff vum Tourmuseker mat den Obligatioune vum Papp-sinn iwwerteneenzestëmmen, dokumentéiert Wilco den éischten Ausfluch a Richtung Indie Rock.

Den Australeschen Elektro Duo No Mono bréngt no Islands Part1, ee Joer duerno, den zweeten Deel eraus. Déi zweet Single Auskopplung "Keep On" resuméiert deen typeschen No Mono Sound. Duuss Lyrics, eng aussergewéinlech Stëmm vum Frontmann Tom Snowdon an e Spill tëschent hell an däischter Beats. D'Anne ass begeeschtert a fiert, de Weekend, riicht virun "Keep On" ze lauschteren. 

Déi nei Plack "U.F.O.F" vu Big Thief steet fir "Unknown Flying Object Friend". An den Indie Folk Quartett vu Brooklyn bekennt sech mat Liichtegkeet zum Onbekannten. Där Meenung ass de Jamie Reinert am Kader vum Album vun der Woch.

Nieft dem Concertstipp, dem Dàjà-Vu Album vun der Woch, dem Pit Walté säi Besuch am Studio an dem Philippe senger ganz perséinlecher Playlëscht, lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a vu Joan As Police Woman, Francis Lung, Maren Morris, Black Midi an Jamila Woods.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen