
Steve Boehm
Ennio Morricone Special - e besonnesche Concert vum Steve Boehm.
Dëse Concert ass de Weekend um Hesper, a schonn zanter dräi Joer a Virbereedung, op d'mannst wat den Deel mam Concerto "Once upon a time .... an Ennio Morricone Story" ugeet.
Wéi et zu dësem ronn 70-Minutten Arrangement koum, wat fir de Steve Boehm d'Faszinatioun vum Morricone senger Musek ausmécht, a wéi de Cornist, Arrangeur, Dirigent an Enseignent säi Wee bis heihi gesäit erzielt dem Nathalie Bender.