Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Charles Goerens

Dat Europäescht Parlament gëtt zanter 1979 direkt gewielt. Virdrun hunn déi national Parlamenter Vertrieder dohin delegéiert. Et ass deemno déi néngt Direktwahl, déi elo usteet. A bei en allen néng war de Charel Goerens Kandidat. 2019 féiert hien d'DP-Lëscht zesumme mat der Monica Semedo un: d'DP geet dës Kéier jo mat enger Duebelspëtzt an dës Europawahl.

Rezent Emissiounen

  • LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry

    Den LSAP-Fraktiounschef a President vun der Chamber-Institutiounekommissioun iwwer duebel politesch Mandater a Wahlbezierker am Kontext vun der Revisioun vum Wahlgesetz.

  • Carole Dieschbourg

    "Wann et ëm d'Zukunft vun eisem Planéit geet, musse mir eis Astellung a Fro stellen," seet de Premier. Ob d'Regierung deem gerecht gëtt, dat froe mir d'Ëmweltministesch.

  • Charel Margue

    De President vun der Chamber-Justizkommissioun an Deputéierte vun déi gréng iwwer den Dateschutz, bei deem zanter Wochen zwee gréng Ministeren an der Schosslinn stinn.

  • Marc Hansen (DP)

    Mir schwätze mam delegéierten Digitaliséierungs-Minister iwwer d'Pläng an d'Mesurë vun der Regierung a Saachen digital Transformatioun.

  • Maurice Bauer (CSV)

    Den CSV-Politiker gëtt Enn Juli Nofolger vun der Isabel Wiseler-Lima am DP-CSV-Schäfferot an der Stad Lëtzebuerg.

  • Dr. Jean-Claude Schmit

    Mam Direkter vun der Santé schwätze mir iwwer d'Themen Euthanasie a Palliativmedezin.

  • Sam Tanson

    Den Haaptsëtz vun der Kultur-Haaptstad Esch 2022 kënnt net an d'Gebléishal mee an déi al Möllerei um Belval. Wat bedeit dat fir de Projet?

  • Marc Piron

    Um Weltflüchtlingsdag geet rieds mam Vertrieder vun der Asti iwwer d'Situatioun vun de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg.

  • Invité vum Dag - Patrick Hau

    De Patrick Hau leet zanter Mäerz d'Kommissariat fir d'Qualitéit, d'Sécherheet a géint de Bedruch bei Liewensmëttel.

  • François Bausch

    Police, Mobilitéit, Verdeedegung: De grénge Minister reagéiert op aktuell Themen a senge verschiddene Ressorten.

  • Mario Mutsch

    Dee laangjärege Kapitän vun der Fussball-Nationalequipe hält op: e Gespréich iwwer seng Carrière, seng Zukunftspläng an den Zoustand vum Lëtzebuerger Fussball.

  • Emile Eicher

    De Syvicol fuerdert eng kloer Definitioun vun de Kompetenze an obligatoresche Missioune vun de Gemengen huet et um Buergermeeschterdag geheescht.

  • Dr. Guy Berchem - MSF

    Médecins sans Frontières war 2018 weltwäit a 74 Länner aktiv. Mir schwätze mam President vun MSF-Lëtzebuerg, dem Dr. Guy BERCHEM.

  • Hansjörg Reimer

    Aus den 3 Kliniken am Süde vum Land, gëtt an e puer Joer een eenzegt Südspidol. Wat hunn d'Patienten dovun? Mir froen den Direkter.

  • Franz Fayot

    D'LSAP huet bei den Europawahlen liicht dobäi gewonnen. Huet de neie Parteipresident säin éischten Test domat bestan?

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen