Musek am Gespréich

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

Den Dirigent Bernard Labadie am Gespréich mam Matthieu Drinkwater

Stell deng Fro!

Während e puer Woche krut eng Klass aus dem Lycée Sainte-Sophie bei engem Workshop vun der Philharmonie an dem radio 100,7 en Abléck an de Beruff vun engem Museksjournalist. Dobäi hu si ënner anerem den Ëmgang mat engem Mikro geléiert, a wéi een en Interview preparéiert a féiert. Bei enger Visite vun der Philharmonie konnten d'Schülerinnen an d'Schüler an eng Prouf vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg eralauschteren an duerno Interviewe mat Museker, engem Techniker an dem Dirigent Bernard Labadie féieren.

An der Emissioun "Musek am Gespréich" ginn dës Interviewe presentéiert, déi zum Deel en déiwen Abléck an d'Liewe vun engem Orchestermuseker erméiglechen.

E weideren Abléck an de Workshop, zesummegestallt vum Professer David Eckes, fannt Dir hei.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen