Musek am Gespréich

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

Den Dirigent Bernard Labadie am Gespréich mam Matthieu Drinkwater

Stell deng Fro!

Während e puer Woche krut eng Klass aus dem Lycée Sainte-Sophie bei engem Workshop vun der Philharmonie an dem radio 100,7 en Abléck an de Beruff vun engem Museksjournalist. Dobäi hu si ënner anerem den Ëmgang mat engem Mikro geléiert, a wéi een en Interview preparéiert a féiert. Bei enger Visite vun der Philharmonie konnten d'Schülerinnen an d'Schüler an eng Prouf vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg eralauschteren an duerno Interviewe mat Museker, engem Techniker an dem Dirigent Bernard Labadie féieren.

An der Emissioun "Musek am Gespréich" ginn dës Interviewe presentéiert, déi zum Deel en déiwen Abléck an d'Liewe vun engem Orchestermuseker erméiglechen.

E weideren Abléck an de Workshop, zesummegestallt vum Professer David Eckes, fannt Dir hei.

Rezent Emissiounen

  • Iwwert d'Grenzen gekuckt

    De Bléck op d'Saison 2019/2020 vun de Concertsheiser zu Tréier, Saarbrécken a Metz

  • Dirigent a Globetrotter

    Am Gespréich mam Pietari Inkinen, zanter 2017 Chefdirigent vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern

  • De Food For Your Senses ass dout - an elo?

    Wéi attraktiv ass Lëtzebuerg fir Museksfestivalen? A wéi eng Roll spillt d'Politik?

  • Stell deng Fro!

    E Museksjournalismus-Workshop vun der Philharmonie an dem radio 100,7 mat Schüler aus dem Lycée St.-Sophie.

  • Cyprien Keiser

    De jonken Cellist presentéiert seng ganz perséinlech Playlëscht a gëtt en Abléck a seng Vue op d'Musek.

  • De Martin Folz

    De Responsabele vun der Chouerschoul am Conservatoire du Nord gëtt Direkter vum Chouer vum Tréierer Theater. 

  • De Claude Lenners

    Dem Komponist an Enseignant presentéiert seng musikalesch Visitekaart.

  • Komponistinnen zu Lëtzebuerg

    Am Gespréich mat der Albena Petrovic an der Catherine Kontz

  • Wann Text an Diktioun wichteg ginn

    An de Klasse vum Valérie Bodson am Escher Conservatoire.

  • De Frank Hemmerlé

    De Perkussionist ass Enseignant  am Conservatoire du Nord an e gefroten Jazzmuseker.

  • E musikalesche Virreider

    Den 150. Doudesdag vum Hector Berlioz

  • De Jean-Philippe Ruiz

    Déi musikalesch Visittekaart vum Chargé de Direction beim CLAE, dem Comité de liaison et d'action des étrangers

  • D'Hélène Boulègue

    D'Flüttistin schwätzt iwwer hir nach jonk Carrière an hiren éischten Album.

  • Vu Russland iwwer Spuenien an den Orient

    En éischte musikaleschen Aperçu vum Komponist vum Mount Nikolai Rimski-Korsakow.

  • Mam Jazzist Pit Dahm

    Vun Jazz iwwer Funk, Soul, Electro bis zu Klassik mat Musek vum Pit Dahm erausgewielt.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen