Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.
Riicht eraus

D'Zukunft vun der EU
Wéi muss d'EU opgestallt sinn, fir op global Defien ze reagéieren?
Ronderëm den Dësch setze KandidatInne vun den zéng Parteien, déi hei am Land bei den Europawahlen untrieden: Christophe Hansen (CSV), Monica Semedo (DP), Lisa Kersch (LSAP), Meris Sehovic (déi gréng), Nicky Stoffel (ADR), David Wagner (déi Lénk), Starsky Flor (Piraten), Marceline Waringo (KPL), Sandra Schwachtgen (déi Konservativ) a Christopher Lilyblad (VOLT).
Mat hinne kucke mir op déi europäesch Klimaschutz-Politik vun de leschte fënnef Joer zeréck an diskutéieren doriwwer, wéi déi europäesch Institutioune sech an Zukunft mussen entwéckelen.
Moderatioun: Rick Mertens
Rezent Emissiounen
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen