Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

De Jugendschutz zu Lëtzebuerg

De Justizminister huet gëschter op en neits ugekënnegt, datt hie séier Amendementer wëllt ausschaffe fir déi geplangte Reform vum Gesetz vun 1992 iwwer de Jugendschutz. "Et misst méiglech sinn, a relativ kuerzer Zäit, op e gemeinsamen Text mat gemeinsame Conclusiounen ze kommen, déi eis och international immens gutt dohinner stellen", huet de grénge Minister annoncéiert.

De Félix Braz war gëschter Mëtteg an der Cité Judiciaire ee vun zwielef Intervenanten op engem Ronndëschgespréich, als Ofschloss vun engem Konferenzenzyklus vun der Uni Lëtzebuerg zum Thema Jugendschutz.

De Serge Kesseler resuméiert e puer vun den Aussoen, déi d'Praxis vun der Justiz hei am Land illustréieren.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen