Invité am Moies-Magazin

Anne Marx

Déi geléiert Dieteticienne huet e Master an der Santé publique a këmmert sech ëm de Programm "Gesond iessen, méi beweegen".

Rezent Emissiounen

  • Sabrina Collé, Chargée de Direction Hörgeschädigten Beratung ASBL

    "BABEL, ein Wort, ein Zeichen" ass e Projet fir Mënschen, déi um Gehéier geschiedegt oder daf sinn, d'Ouverture zur Kultur z'erliichteren.

  • Jean-Paul Beck, President vum Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht

    Beie si mat déi wichtegst Liewewiesen: Si bestäube Planzen, déi eis dann erëm mat Sauerstoff an Iesse versuergen. Wéi geet et de Beien?

  • De Geiist Chris Reitz

    De Lëtzebuerger ass ënnert den 100 Finalisten am 7 Notes Music Challenge, bei deem eng 2.000 Museker aus 65 Natioune matgemaacht hunn.

  • Luxemburgensia

    Iwwert déi nei Bicher vum Jean Back a vun der Julie Vinandy-Schmit.

  • Joël Adam

    E galloréimesche Steen aus enger Millen - op esou e Stéck ass de Joël Adam gestouss, wéi hien am Gaart wollt Quiddebeem planzen.

  • Marika Bret: "De Kampf geet weider"

    Gutt dräi Joer nom Attentat op d'Satirezeitung Charlie Hebdo gëtt déi Responsabel vun de Ressources humaines een Abléck an d'Alldagsliewe vun der Redaktioun. 

  • ONG - Le soleil dans la main

    De Luc Siebenaller an de Sébastian Thilges stellen d'Organisatioun vir, déi sech am Burkina Faso engagéiert.

  • Arabic Association for Cultural Exchange

    Vertrieder vun der Vereenegung stellen hir Projeten an aktuell Manifestatioune vir, déi e kulturellen Austausch erméiglechen.

  • And the winner is ... Bernd Marcel Gonner

    De Gewënner vum 100,7 radiopräis fir d'Hörspill erzielt iwwert seng Andréck, säi priméiert Manuskript a seng Projeten.

  • Eng Datz fir d'Kultur

    D'Initiativ Forum Cultures huet eng Evaluatioun vun der Kulturpolitik vun der Regierung presentéiert. Déi aktuell Kulturpolitik ass net gutt ewech komm.

  • Maximillien Jadin

    De jonke Schauspiller a Sänger huet zu New York Musekstheater studéiert. 

  • De Claude Mangen iwwert den 100,7 radiopräis

    Great Expectations - dat war d'Thema vum 100,7 radiopräis vun dësem Joer. Siwe Manuskripter goufen erageschéckt.

  • Vicky Krieps

    De 14. Februar leeft "Phantom Thread", an deem d'Lëtzebuerger Actrice mam renomméierte britesche Schauspiller Daniel Day-Lewis virun der Kamera steet, hei un.

  • Paca Rimbau a Jesus Iglesias

    Als Optakt vum schonn traditionellen Flamenco Festival an der Escher KUFA:  Workshops a Flamenco-Owend.

  • Michèle Clees

    Déi lëtzebuergesch Schauspillerin an Enseignante am Conservatoire ass haut eis Invitée.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen